My Items

I'm a title. ​Click here to edit me.

Wat ee GeNoss - Going nuts !

A vegan zero waste exploration by sila.lu fir 2 Persounen / for 2 persons Bei dësen Hierschtrezepter geet et drëms e ganze Menü ze kache wou eenzel Rechter aus dem engem Rezept an dem nächste Rezept weiderverwäert ginn. Vu Mandelmëllech, iwwert Cookien, Käschtenzopp, Brockelcher mat Lënsen, bis hin zum Wäschmëttel... . Vill Spaass beim Entdecken! Mandelmëllech – Almond milk 1 Taass Mandelen 1 Liter Waasser 8 Stonne virdrun eng Taass Mandelen a Waasser aweechen. Mandele schwenke bis Waasser kloer ass. Mandele mat engem Liter frëscht Waasser mixe bis et schéi seemëg ass an dann duerch e Sift filteren (et geet besonnesch gutt mat dem Filtersäckelechen deen hei derbäi ass), gutt ausdrécken a schonns ass Mandelmëllech fäerdeg. De Purée deen zeréckbleift ka weiderverschafft ginn, wei z.B. an onse Kichelcher heirënner. 1 cup of almonds 1 liter of water Soak a cup of almonds for 8 hours. Discard the soaking water, and shred the almonds in your blender. Add about a liter of water and continue blending until you get a smooth liquid. Filter it (used the fine mesh filter contained in this package) to obtain your delicious almond milk and the almonds mash, which will be reused for the cookies amongst others. Käschtenzopp – Chestnutcream 1 Schotz Olivenueleg 30 Käschten* 1 Zwiwwel* 1 Taass Waasser + 1 Portioun Geméisbouillon (gedréchenten?)*/ 1 Taass flëssege Geméisbouillon* 2 Tase Mandelmëllech 1 Zéif Knuewelek* Kanéil Peffer Salz Zwiwwel kleng schneiden an am Dëppen ubroden. Käschte schielen an derbäi ginn. Matt Bouillon (Waasser mat gedréchentem Bouillon) ofläschen a mëll kache loossen. Matt der Mandelmellëch opfëllen an eng Zéif Knuewelek derbäi drécken. Zopp mam Stabmixer seemëg mixen a mat Kanéil, Peffer a Salz ofschmaachen. 1 spoon of olive oil 25 chestnuts* 1 onion* 1 cup of water + 1 spoon of dried vegetable broth* / 1 cup of vegetable broth * 2 cups of almond milk 1 garlic glove* Cinnamon* Pepper Salt Cut and fry onion. Add peeled chestnuts and vegetable broth. Let simmer until soft. Press the garlic clove and add the almond milk. Blend until creamy. Add cinnamon, salt and pepper to your taste. Brockelcher mat Lënsen - Brousselsprouts with lentils 1 Taass Lënsen* 1 Taass Waasser + 1 Portioun Geméisbouillon (gedréchenten?)* / 1 Taass flëssege Geméisbouillon* 1 Schotz Olivenueleg 25 Brockelcher* 1 Zwiwwel* 2 Tomates séchées* 1 Zéif Knuewelek* 2 Schotz Mandelmellëch Peffer Salz Lënse wei gewinnt am Bouillon mell kachen. Separat klenggeschnidden Zwiwwel a gebotzte Brockelcher ubroden. Tomates séchées a Sträife schneiden an derbäi ginn. Zum Schluss eng Zéif Knuewelek derbäi drécken, a mat Mandelmellëch, Salz a Peffer verfeineren. 1 cup of lentils* 1 cup of water + 1 spoon of dried vegetable broth* / 1 cup of vegetable broth * 1 spoon of olive oil 25 Brussels sprouts* 1 onion* 2 dried tomatoes* 1 clove of garlic* 2 spoons of almond milk Pepper Salt Boil lentils in vegetable broth until soft. Fry the cut onions and add the cleaned Brussels sprouts. Let them brown and add the sliced dried tomatoes and the pressed garlic. Season to taste with almond milk, salt and pepper. Kichelcher - Cookies 1 Taass Mandelpuree ½ Taass brongen Zocker* (oder Zockerersatz) ¼ Taass gedréchent Äerdbier* ¼ Taass schwaarze Schokela* ¼ Taass Flues* ½ Taass Waasser De Flues mam Mixer muelen, dëst ass onst Bindemëttel am Deeg. All Ingredienten ausser d’Waasser gutt matenee veréieren, an da lues esouvill Waasser bäigi bis alles ufänkt gutt uneneen ze päschen ouni awer datt et ze vill naass gëtt. Et hänkt dervun of wei vill de Mandelpurée ausgedréckt gouf. Flaach Kichelcher formen an am Deshydrateur oder bei der Chminee, respektiv am Schäffche bei 50 Grad en hallwe bis een Dag drëschne loossen. Et däerf een dertëschent schmaachen op se schonns drësche sinn… 1 cup of almond mash ½ cup of brown sugar* (or your preferred sugar replacement) ¼ cup of dried strawberries* ¼ cup of black chocolate chips* ¼ cup of flax* ½ cup of water Shred the flax and mix thoroughly all ingredients except the water. Depending on how much the almond puree was pressed, add some or all of the water, you want a mouldable dough that is not too wet. Form cookies and let them dry in your dehydrator, or oven at 50 degrees or next to your winterly fireplace for about half a day to a day. Wäschmëttel - Detergent 3-4 Käschten* 1 Taass waarmt Waasser Zerhackt 3-4 Käschten, weecht se fir eng hallef Stonn am Waasser an, a filtert se dann eraus. Fäerdeg ass äert Wäschmëttel, well d’Saponinen déi an de Käschten enthale sinn, sinn elo a d’Waasser iwwergaange sinn. Wann der e Geroch wëllt, kennt der är lieblings Huiles Essentielles derbäi ginn. D’Wäschmëttel hellt sech eng Woch am Frigo. 3-4 Chestnuts* 1 cup of warm water Shred 3-4 Chestnuts, soak for 30 minutes in cold water, filter. The saponins contained in the chestnuts will infuse your water which can be used for doing your laundry or washing your dishes. If you prefer a scent, feel free to add your preferred essential oils. You can keep it up to a week in the fridge.

Foire vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung

Kommt a besicht ons op onsem Stand op der Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung, an entdeckt ons pedagogesch a wëssenschaftlech Aktivitéiten. mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche.

Sila.lu-Zero Waste Lëtzebuerg a.s.b.l.am Recueil des acteurs de l'Education au Développement Durable

Fannt de ganzen Receuil des acteurs de l'éducation au développement durable au Luxembourg hei :

LGS Chefdag : 22.09.2019 am Mariendall

Zero Waste Formatioun fir Cheffen vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten zesummen mat sila..lu - Zero Waste Lëtzebuerg asbl Opgepasst: Och är Poubelle riskéiert an Zukunft Honger ze leiden! Entdeckt déi verschidde Facetten vum Zero Waste a Zero Plastik an enger holistecher Approche, a léiert wéi dir déi Jonk dozou animéiert kritt fir manner – oder esouguer guer keen Offall méi ze produzéieren. Et wärt ons net u konkrete Beispiller aus dem Zero Waste feelen! Eng Bananneschuel ass net nëmmen do fir drop auszerutschen… Wéi kann ee matt einfachen a konkreten Gesten säin Offall an och säi Recycling ganz staark reduzéieren an dobäi och nach u Liewensqualitéit gewannen? Bei ville praktechen Übungen entdeckt dir z.B. d‘Techniken wéi dir är Fleegeprodukter an Haushaltsmëttel selwer kënnt hierstellen. Do-it-yourself an anere Beräicher gëtt och exploréiert, a mir maan ons Gedanken iwwer d‘Economie circulaire am Haushalt. Mir schaffen zesummen un neie Methoden wéi d‘Jugend hiren Alldag doheem an och am Grupp bei de Guiden a Scouten méi nohalteg gestallte kënnen a wéi si konkret Aktioune kënne réaliséieren!

Regatta.lu Zero Waste Challenge - Waste Control

Eent vun den Objektiver war jo och fir ons mat onsem Offall, den op der Regatta.lu ufällt, auserneen ze setzen. Fläisseg gouf den Tri gemaach, och wann dat op engem enken Seegelboot e sérieuen Defi war. Owes hunn déi Jonk dann am Hafe bei de Poubellen e Waste Control gemaach wou den Offall dokumentéiert gouf. Hei si minimal Quantitéite vu Restmüll ugefall an de Gros war Kompost. Well an de franséischen Häfen awer keng Kompost-Poubellë waren, ass Céline Beurel, vun Un p'tit Grain de, onse Kompost siiche komm fir bei sech am Gaart ze sammelen! Chapeau Céline pour ton engagement! Och huet si no an no all déi eidel consignéiert Glieser a Behälter, wou ons Iesswueren dra waren, erëm agesammelt an op dësem Wee hunn mir ganz vill Offall konnten aspueren. Et bloufen e puer Iesswueren iwwreg déi mir duerno verschenkt hunn. Vergläichsweis war et hei och wéineg wat bei 200 Participanten iwwreg war no enger Woch; an de vergaangene Jore war jeeweils zum Schluss nach ëmmer eng Camionnette voll Iessen dat ze vill war. Hei kenne mer also kloer soen : Mission accomplie! Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

Regatta.lu Zero Waste Challenge - wëssenschaftlechen Beach clean-up

Niewend dem Beach clean-up gouf et awer och nach de wëssenschaftleche Beach clean-up. Hei hate Merite Jeunesse Schüler sech am Virfeld vill Méi gemaach an sech zesumme mat de Wëssenschaftler vun der Uni Exceter an England am Detail mat dem wëssenschaftleche Protokoll ausernee gesat, deen sinn duerno och op der Plage ëmgesat hunn. A 5 Gruppen opgedeelt hunn waren si jeeweils responsabel vun enger Linn, wou si eng Equipe vu Schüler, awer och vun interesséierten Erwuessenen, dirigéiert hunn. Ons Nowuess-Wëssenschaftler hunn ganz minitieuse esou Echantillone vun der Plage agesammelt. Dëse Sand gëtt herno am Laboratoire an England op Micro- an Nanoplastiken analyséiert. Mir mussen ons elo nach e puer Méint gedëllege bis mer Resultater hunn. E spezielle Merci un de Staatslabo, deen ons Material zur Verfügung gestallt huet, esou wei dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstetzung. Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

Artikel am moien.lu

Merci moien.lu fir dese flotten Artikel : https://moien.lu/liewen-der-arktis-tania-giberyen/ Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt Eigentlech hat d’Tania Gibéryen zu Lëtzebuerg Alles wouvun een dreeme konnt: Eng Wunneng, een Auto, Famill a Frënn, den Job als Eko-Prof, et war 1 Schäffin an der Gemeng Fréiseng . Trotzdeem huet hatt genau um 30. Gebuertsdag déi éischter irrational Decisioun getraff senger Faszinatioun nozegoen an esou Richtung Arktis ze reesen. Et war emol keen Dag viru senger Gebuertsdagsfeier, wou d’Tania Giberyen, wat sech mëttlerweil zu Lëtzebuerg als Présidentin vun polar.lu – Luxembourg’s Polar Program a mat SILA – think outside a sengem Zero-Waste-Denken een Numm gemaach huet, déi positiv Äntwert vun der Universitéit Laval zu Québec kritt huet fir den Doktorat an der Polar-Fuerschung unzegoen. Knapp fënnef Woche méi spéit souz hatt schonns am Fliger a Richtung Kanada. Fir et iwwerflächlech ze erklären huet dës couragéiert Fra sech op der anerer Säit vum Atlanteschen Ozean mat der Landesplanung, sou wéi kulturell Geografie befaasst. Duerch de Beräich Ëmwelt ass hatt schliisslech zur Polarfuerschung komm, wouduerch d’Tania ëmmer erëm phaseweis an d’Arktis gereest ass an och do gewunnt huet. Hei si beispillsweis d’Verännerunge vum Buedem duerch de Klimawiessel ënnersicht ginn a wéi sech d’Landesplanung an Zukunft dorunner upasse muss. Ee klenge grousse Kulturschock D’Arktis ass ee Gebitt, wou et haut nach vill Inuit- Jeeër gëtt, wouduerch ee sech emol dru gewinne misst, datt hei d’Leit all ee Juegdgewier hunn a se souguer an de klenge Probellermaschinnen mat op d’Rees huelen. Schliisslech ass d’Juegd fir d’Inuit-Famillen eng vun de wichtegste Quellen, fir ze iwwerliewen. Et sollt een awer och  bedenken, datt an dëser Géigend ee Gewier noutwendeg ass, als Schutz virum Äisbier. Donieft muss een awer och bedenken, datt dësen nërdlechen Deel, dee mir eis ganz a Wäiss mat klenge Polarfiissercher virstellen, guer net esou romantesch ass, wéi et am Fernseh gewise gëtt. Och d’Famill, bei der d’Tania wärend sengen Expeditioune gewunnt huet, hunn bei Reportagen op der Televisioun ëmmer erëm erkläert, datt dës Documentairen net der Wourecht entspriechen, sou datt beispillsweis d’Verhale vun den Déiere falsch vermëttelt gëtt. Et dierf een awer net vergiessen, datt d’Mënschen an der Arktis am Rhythmus mat der Natur a virun allem mam Wierder, wat engem oft ee Strich duerch d’Rechnung mëscht, sinn, wouduerch net den übleche Stress opkënnt, wéi mir en aus Lëtzebuerg kennen. D’Leit sinn onkomplizéiert an trotz dem rouege Liewensstil gëtt all Aarbecht erleedegt – a wann net elo, dann eben e bësse méi spéit. Genau an dëse Rhythmus huet d’Tania fir d’éischt missen erakommen. Dëse Kulturschock funktionéiert awer a béid Weeër, sou datt hatt och eng Ëmgewinnungsphas braucht, wann hat nees zeréck a seng Heemescht geflunn ass. An andeems d’Polarfuerscherin déi positiv Aspekter vu béide Kulture kombinéiert, kënnt hatt als iwweraus häerzlech a sympathesch Fra eriwwer! Am Eeklang mat der Natur Duerch d’Liewen an der Arktis huet d’Tania Gibéryen sech och missen un d’Reduktioun vum Konsum gewinnen. Op der enger Säit waren d’Präisser vum Liewensënnerhalt extrem héich, op der anerer Säit gouf et verschidde Wuere just zu bestëmmten Zäiten oder einfach guer net. Doduerch ass beispillsweis einfacht Spruddelwaasser zu engem Luxusproduit ginn, wéi bei eis de Schampes. Dës Situatioun huet mat sech bruecht, datt d’Tania ugefaangen huet verschidde Saache selwer hierzestellen, ze kucke wat ee wierklech braucht a wéi ee sech uleeë muss, fir esou nohalteg an net-verschwenderesch ze si wéi méiglech. Esou huet hatt schliisslech de Zero-Waste-Liewensstil quasi perfektionéiert a konnt souguer d’Dreckskëscht an der Heemescht ofbestellen. Duerch d’Kultur an d’Traditioun vun den Inuit wësse si prezis a schnell, wéi ee sech an der Natur uleeën muss, fir ze iwwerliewen. Esou erkläert d’Polarfuerscherin beispillsweis, datt hatt op enger Expeditioun op eng kleng Insel sollt Holz siche goen, fir esou ee Feier ze maachen an Téi kachen ze kënnen. Wat als éischt wéi ee Witz eriwwer komm ass, huet sech fir hatt schnell als Schwieregkeet erausgestallt. Schliisslech war wäit a breet kee gutt Brennholz ze gesinn. D’Kanner wusste sech awer ze hëllefen, an hunn, duerch hiert Wëssen zur Stréimung, einfach Dreifholz op der Plage gesammelt. Eng weider spannend Geschicht, déi d’Tania eis erzielt huet, ass déi vum Autostopp, wat dohanne problemlos méiglech ass. Bei engem Ausfluch dobaussen hätt hatt nämlech bei engem Blizzard eng Bréck mat immens vill Äis iwwerwanne missen, ouni dobäi an d’Schlucht erofzefalen. Glécklecherweis ass beim Autostopp ee Gefier stoe bliwwen – et war d’Police! D’Beamten hate kee Problem domat, déi jonk Fra bei dësem Wierder ee Stéck matzehuelen, an esou duerft hatt op der Réckbänk, direkt op de Gewierer, Plaz huelen. Divers Verännerungen Ouni grouss an den Detail ze goen, konnten divers markant Resultater wärend dem Tania Zäit an der Arktis gesammelt ginn. Vun 2008 bis 2015 war hatt ëmmer phaseweis an der Polarregioun ënnerwee, woubäi déi lescht Phas 1,5 Joer gedauert huet – eng laang Zäit, an der een och vill matkréie konnt. Souwuel d’Loft-, wéi och d’Buedemtemperatur klammen. Doduerch schmëlzt d’Äis éischter. Esou konnten zum Beispill Fuerscherkollegen aus der Biologie beispillsweis un de Réng vun de Beem feststellen, datt si duerch d’Hausse vun der Temperatur méi schnell wuessen. Un der Grenz vun der Tundra huet donieft eng eenheemesch Fra hinnen Beem vun enger maximaler Héicht vun 1,5 Meter gewisen, déi virun 20 Joer nach net an dëser Regioun existéiert hunn. Een neie Bësch, deen also un der Baamgrenz am gaangen ass ze wuessen! Och d’Fauna verännert sech. Esou ass säit kuerzem de Roude Fuuss an der Arktis unzetreffen. Wat fir déi meescht vun eis elo schéi kléngt, bréngt uerg Konsequenze mat sech. De Polarfuuss, den an der Arktis heemesch ass, gëtt nämlech vu sengem Aartgenosse verdrängt. Fir d’Tania Giberyen ass mat dëse Fuerschungsreesen an der couragéiser Entscheedung een neie Liewensofschnëtt unzefänken een Dram an Erfëllung gaangen, aus deem hatt divers Erfarunge matgeholl huet. Trotzdeem muss hat zouginn, datt et schwéier ass, d’Liewen dohannen ze resuméieren, wann ee selwer ni do war, well et einfach – natierlech am positive Sënn – esou aanescht ass. Wéi wier et also, emol déi kal Géigend als nächst Destinatioun auszewielen?

Regatta.lu Zero Waste Challenge - Beach clean-up

Eng weider Zero WasteAktivitéit op der Regatta.lu huet an engem Beach clean-up bestaanen. 1 Grupp Schüler an hier Skippere si bei Le Cruesty Plage botze gaangen, an hunn erschreckend vill Knascht agesammelt, deen duerno propper am Hafen entsuergt gouf. Hei e puer Andréck: Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

Regatta.lu Zero Waste Challenge - Workshop

Een Owend op der Regatta hate mer e grousse Workshop, wou jiddweree konnt léiere wéi en flësseg Seef an Zahnpasta ka selwer maachen. Déi 10 Schüler vum Mérite Jeunesse waren, trotz engem laangen an ermiddenden Dag um Waasser, am Asaz an hunn dësen Atelier mat Begeeschterung geschmass an hier Matschüler si genee esou begeeschtert duerno zeréck op hier Booter gaangen! Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

Regatta.lu Zero Waste Challenge - an der lëtzebuerger Press

Nirwend engem Reportage um 100komma7 huet och d'Lëtzebuerger Wort en Artikel iwwert onsen Challenge bei der Regatta.lu bruecht : Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

sila.lu & Regatta.lu Zero Waste Challenge - an der franséicher Press

E flotten Artikel haut iwwert onsen Zero Waste Challenge am France Ouest ! An daat glaich 2x en plus vun engem Video-Reportage : merci à Paul Boulben pour cette couverture médiatique. Lire tout l'article sur https://www.ouest-france.fr/bretagne/morbihan/video-en-mer-de-jeunes-luxembourgeois-veulent-produire-zero-dechet-la-trinite-sur-mer-6301058 : Des adolescents luxembourgeois participent à quatre jours de régates pour apprendre la voile, du 8 au 12 avril, à La Trinité-sur-Mer (Morbihan). Cette année, ils ont été mis au défi du zéro déchet, avec ateliers pratiques et relevés scientifiques. Reportage Une boucherie ambulante, un petit camion rempli de nourriture sans emballages : un drôle demanège se déroule sur la partie nord du port de La Trinité-sur-Mer, habituellement réservéeaux plaisanciers, ce lundi 8 avril. Céline Beurel, et son épicerie itinérante « Un p’tit grain de… » est en train de remplir une trentaine de sacs confectionnés à partir de voiles de bateau, dans lequel elle place des produits locaux, tous en vrac : crème, œufs, fromages, légumes, céréales, huiles, pâtes, pommes de terre, etc. Chaque sac pèse environ 10 kilogrammes. Il faut rajouter les quelques charcuteries, à récupérer auprès du camion « La Boucherie de l’Ouest ». « Une bonne partie n’est jamais montée sur un tel bateau » Un klaxon retentit. Il s’agit justement des destinataires de ces provisions : deux bus à deux étages, 200 personnes dont 150 collégiens et lycéens, venant tout droit du Luxembourg. Ils s’apprêtent, comme tel est le cas depuis quatre ans, à vivre quatre jours sur un voilier habitable, à raison de 4 ou 5 adolescents par équipage (il y en a 31), accompagnés de deux skippers. « Une bonne partie n’est jamais montée sur un tel bateau », confie un organisateur. L’événement est piloté par le Groupe luxembourgeois des Croisières et Régates, le plus grand club du Grand-Duché, avec la fédération locale de voile. Mais cette année, les régates auront une couleur particulière : celle du zéro déchet. Efforts sur l’emballage Pour aider Céline Beurel à la distribution des sacs, Tania Gibéryen. C’est elle qui a eu l’idée de cette semaine axée sur la réduction des déchets, elle qui a fourni les sacs en toile de bateau, les cafés filtres en lin, les filets biodégradables. « Ce n’est que de la récup, seuls les anneaux en métal sont neufs ! ». Cette chercheuse et spécialiste du cercle polaire est experte en réduction des déchets. Grâce à une subvention octroyée par le gouvernement, celle qui est fondatrice de l’association SILA – Zero Waste Luxembourg veut « sensibiliser les jeunes, leur faire découvrir ce qu’on est capable de faire sans déchets » . En octobre dernier, elle avait contacté Céline Beurel, qui a joué l’intermédiaire entre tous les producteurs locaux. « Je leur ai aussi demandé de faire des efforts sur l’emballage » , explique l’épicière ambulante. Au total, Céline a distribué plus de 110 kg de denrées alimentaires et la boucherie, presque 100 kg de charcuterie. Sur les pontons, les collégiens portent malaisément leurs sacs de nourriture, alourdis par les nombreux contenants en verre, qu’il faudra remettre à la fin du séjour à Céline Beurel. Julie, Noémie, Manu et Bob installent leurs affaires dans leur bateau. Ces quatre jeunes font partie du « Mérite jeunesse », une ligne prestigieuse à leur CV et qui atteste, pour faire court, de leur débrouillardise. Même s’il mesure plus de 30 pieds, l’espace est contigu et les jeunes doivent se démener pour trouver une place à chaque produit. Pour ces quatre jours de régates, ils seront aidés de leur accompagnateur Guillaume, et d’un vrai skipper, Guy, 67 ans.« C’est un projet monstre ! » s’enthousiasme-t-il après avoir expliqué les bases du bateau aux jeunes novices. « Je ne suis jamais allé en mer » , confie Manu, plutôt dans l’excitation que de l’appréhension. Relevés scientifiques Les régates sont organisées sous la forme de compétition, mais l’objectif de l’équipage du Mérite jeunesse n’est pas là. Ces quatre jeunes seront pilotes et référents sur toutes les activités zéro déchet organisées pendant la semaine. « On va par exemple prendre des échantillons de sable et les faire analyser en laboratoire, décrit Manu. On accrochera aussi un bout de ruban adhésif à notre voile, pour étudier les microparticules de plastique qui circulent avec le vent. » En effet, sous l’égide de Tania Gibéryen aura lieu un« beach clean-up » particulier. « On dessine cinq lignes qui traversent la plage. Ensuite,on envoie des échantillons de sable à l’université d’Exeter (Royaume-Uni) , afin de relever les micro et nanoparticules de plastiques contenues dedans », explique la chercheuse. Les autres adolescents ne resteront pas inactifs. Outre le « waste-control », c’est-à-dire la pesée de leur production de déchets à laquelle ils seront soumis tous les soirs, ils seront aussi associés aux ateliers de fabrication artisanale de dentifrice et de savon et filmeront leurs propres expériences de réduction des déchets. Pour un objectif avoué : qu’ils rentrent au Luxembourg pour diffuser les bonnes pratiques, en mer comme sur terre. Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

Regatta.lu Zero Waste Challenge - Onst Iessen

Mir si gutt an der Bretagne ukomm an elo kënnt och schonns onse Ravi. De Zero Waste Buttek op Rieder, den Un p'tit Grain de, huet ons hei am Hafen ons Iesswuere fir d'Woch an onse Säck preparéiert. Nuddelen am Lassene sinn a consignéierten Eemere mat Deckelen an och soss si sauer Ram, de Müsli an de Jus a consignéierte Glieser déi mer um Enn vun der Woch erëm kennen zeréck ginn! Esouguer de Metzler vum Maart ass sur Place a mécht beim Zero Waste Challenge mat! Just déi Saach mat de réie Bio-Eeër ouni Verpackung op engem Seegelschëff hate mer net esou richteg duerchduecht... ;-) Do loosse mer ons eng afale fir nächst Joer ! Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

©2016 by sila.lu