• sila

Regatta.lu Zero Waste Challenge - Waste Control

Updated: May 12, 2019

Eent vun den Objektiver war jo och fir ons mat onsem Offall, den op der Regatta.lu ufällt, auserneen ze setzen.


Fläisseg gouf den Tri gemaach, och wann dat op engem enken Seegelboot e sérieuen Defi war.


Recycling am Hafen

Owes hunn déi Jonk dann am Hafe bei de Poubellen e Waste Control gemaach wou den Offall dokumentéiert gouf. Hei si minimal Quantitéite vu Restmüll ugefall an de Gros war Kompost.


Waste control

Ganz genee gett onsen Offall ënnert Loupe geholl

Well an de franséischen Häfen awer keng Kompost-Poubellë waren, ass Céline Beurel, vun Un p'tit Grain de, onse Kompost siiche komm fir bei sech am Gaart ze sammelen! Chapeau Céline pour ton engagement! 


Och huet si no an no all déi eidel consignéiert Glieser a Behälter, wou ons Iesswueren dra waren, erëm agesammelt an op dësem Wee hunn mir ganz vill Offall konnten aspueren.


Vill Offall gouf vermieden well mer matt consignéierten Emballagen geschafft hunn, déi zum Schluss erem agesammelt goufen.

Et bloufen e puer Iesswueren iwwreg déi mir duerno verschenkt hunn. Vergläichsweis war et hei och wéineg wat bei 200 Participanten iwwreg war no enger Woch; an de vergaangene Jore war jeeweils zum Schluss nach ëmmer eng Camionnette voll Iessen dat ze vill war. Hei kenne mer also kloer soen : Mission accomplie!


Hei onse Food Waste, bei 200 Léit, dee mer duerno verschenkt hun.

Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

©2016 by sila.lu