• sila

Regatta.lu goes Zero Waste

Updated: May 12, 2019


Et ass esou wäit!


Mir sinn an de lëschte Preparative fir regatta.lu. Den nächste Weekend geet et offiziell lass an d'Bretagne, zesumme mat 200 Leit, dovunner 130 Schüler a 70 Skipperen, Co-skipperen a Comité de Course !


Matt der finanzieller Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche organiséiert Asbl sila.lu - Zero Waste Lëtzebuerg de Kaderprogramm vun der Regatta.lu, wou Organisateuren sech de Challenge gesat hunn esou mann ewéi méiglech Offall ze produzéieren a Participanten sech mam Thema Zero Waste wäerten ausernee setzen, mol op eng wëssenschaftlech Aart a Weis, mol op eng ganz alternativ Manéier! Eent ass sécher, mir wäerte vill Spaass hunn.

 

Zu onse Sponsoren a Partner gehéieren ausserdeem : Autisme Luxembourg asbl, Piwel sàrl, Un p'tit grain de..., de Staatslabo, Superdreckskëscht an d'Administration de l'Environnement matt der Ecobox, ArtSavon, Restopolis, Youth4Planet asbl, Mérite Jeunesse, an natierlech de GLCR, FLVSNJ.


Méi derzou an den nächsten Deeg. Haalt also onse Blogge am Aen.







Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

©2016 by sila.lu