• sila

Regatta.lu - Den Zero Waste Challenge 2019

Updated: May 12, 2019

D'Organisateure vun der Regatta.lu - Sailing Schools 2019 hunn sech als Challenge gesat hiren Offall méi genee ënnert Lupp ze huelen. Zesumme mat der sila.lu- Zero Waste Lëtzebuerg a.s.b.l. an der finanzieller Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche hu si dësen ambitiéise Projet iwwert Méint geplangt :


- wéi kënne mer ons Léit an déi Jonk zum Thema Offallvermeidung a Plastik sensibiliséieren? 

- wat kënne mir un der Organisatioun verbessere fir selwer manner Offall wärend deser Woch ze produzéieren?


Esou gouf recherchéiert a vill gutt Iddie koumen op den Dësch. 


Eng Equipe Schüler, déi de Mérite Jeunesse maachen, huet sech am Virfeld bereet erkläert fir sech mam Thema Zero Waste konkret auserneen ze setzen an huet op e puer fräien Nomëtteger a Samschdeger aktiv un der Planung vu spannenden Zero Waste Aktivitéiten deel geholl. Si hunn sech forméiert, an et wäerten och si sinn, déi op der Regatta déi aner Schüler wäerte léiere, wéi ee flësseg Seef an Zahnpasta ka selwer maachen. Och hunn si de wëssenschaftleche Beach clean-up a Kollaboratioun mat englesche Wëssenschaftler an der Ënnerstëtzung vum Staatslabo geplangt.



Hei e puer vun de Mérite Jeunesse Schüler bei de Virbereedungen

Zesumme mat Autisme Luxembourg asbl goufen Uebst- a Broutsäck aus Léngent hirgestallt, déi wärend der Regatta an den Asaatz kommen. Aus ale Seegelen, déi mer geschenkt kruten, goufen Akafskierf gebitzt, an de Gros vun den Iesswuere soll bei engem mobillen Zero Waste Buttek an der Bretagne sur Place, dem Un p'tit grain de, kaf ginn. Och hëlze Spullbiischten, esou wei nohalteg Botzmëttel (Marseiller Seef, Bicarbonatede soudean Esseg) fir u Bord ze benotze goufen ageplangt. An esouguer Kaffisfilteren aus Léngent goufen preparéiert!



Ausserdeem ass sech virgeholl ginn den Offall, deen op der Regatta trotzdeem nach ufällt, méi genee ënnert d'Lupp ze huelen an ze kucken waat een an Zukunft nach ka verbesseren!


Vill Partner sinn iwwerdeems mat u Bord komm, esou Piwel déi ons hier recyclabel Spullspéin direkt vun der Produktiounschaîne gesponsert hunn, d'Administration de l'Environnement an Superdreckskëscht déi ons 200 Ecoboxen geschenkt hunn, genee wéi Restopolis, déi 200 metallen Gedrénksfläschen un all Participante ausgedeelt hunn. 


Et geet geschwënn lass, mir sinn all gespaant !


Merci dem Fonds national de la recherche fir seng finanziell Ënnerstëtzung.

©2016 by sila.lu