• sila

Och Äsche sinn nach ze gebrauchen


No engem gemittlechen Owend bei der Cheminee, oder am Summer beim Grillen, huet een den nächsten Dag genuch Äsche fir ze Entsuergen - oder fir ze Botzen. Effectif sinn Äschen excellent fir Vitrinn vun der Cheminee ganz einfach propper ze schrubbelen.

E puer Äschen an engem Eemer Waasser sinn excellent fir de Buedem ze Botzen.

Wann een Äschen iwwert eng fiicht Terrasse street kritt een de grénge Spoun ewech : bëssi zéie loossen, an da mam Schruppert driwwer an Ofspullen.

Matt Äsche kann een och Wäschmëttel hierstellen, heizou Äsche ronn 20 Stonnen am Waasser zéie loossen, mat engem Duch filteren an de Ph-Wäert mat engem Sträifen ofliese fir sëcher ze stellen datt en net iwwert 12 geet. Weider Iddie'en wat mat Äschen Alles ka maache fannt der z.B. hei.





©2016 by sila.lu