• sila

Na2CO3 - de gëttleche wäisse Pudder!

Och des Woch wëlle mer ons ukucke wei mer onst Haus kenne propper halen ouni weider Offall ze produzéieren an dobäi och nach ökologesch ze botzen, ons Nues an Natur soen ons Merci.

De Bi-carbonatede soude, op Englesch de Baking Soda (net ze verwiessele mam Wash soda) ass esou e Wonnermëttel dat een iwwerall am Haushalt kann uwenden. Bekannt duerch de Bakpolver, wësse mer all datt mer kennen dermadder Backen, a méi spéit wäerte mer och nach gesi wei een en an der Drogerie kann asetzen. Den däitschen Numm Natron kennt iwwregens aus dem Alegypteschen Ntrj, wat gëttlech heescht, fir déi rituell Rengegungen an esouguer fir Mumifizéiere genotzt.

Ons Haus kréie mer och schéi propper mam Natron ! Esou kann een z.B. säi 'Ciff' ganz einfach ersetzen. Bëssi Natron an de Lavabo a op Krunn gepuddert, a mat enger fiichter Fatz driwwer gerubbelt a schonns blénke Buedzëmmer a Kichen erëm ewéi néi.

Eng Pâte aus Natron mat Waasser ugeréiert, ass ideal fir de Schäffche propper ze kréien, wann e richteg Schwaarz ass, kann een des Pâte mol iwwer Nuecht anzéie loossen an den nächsten opwëschen.

Och de Kanapee, Teppech a Matrasse kann ee mat Natron bepudderen, bëssi roue loossen an da mam Staubsauger erëm ophiewen - si sinn dann erëm propper a richen och besser ! Klappt iwwregens och mat sténkegen Turnschlappen….

Ass mol e Rouer verstoppt, kann ee mat Natron an Esseg deen erëm fräi spruddelen.

Och Toilette kritt ee schéi propper mat dësem Wonnerpudder - et kann een sech awer och WC-Tabs ganz einfach selwer hierstellen (Rezept hei).

Eng Pâte aus Natron an engem Ueleg deen een an der Kiche stoen huet, ass perfekt fir Etiquettë vu Glieser erof ze kréien, duerno just eng Kéier mat Marseillerseef a kloer Waasser ofspullen.

Esouguer de Sëlwerbotz kann een sech an null-Komma-nix selwer hierstellen : En Stéck Alu-Folie an eng Schossel leen, bëssi Natron a Salz dran, a mat waarme Waasser opfëllen. Selwer e puer Minutten dra léie loossen an et blénkt erëm!

Hei fannt der nach vill weider Uwendungsméiglechkeete mam Bi-carbonatede soude op Däitsch an op Franséich.



©2016 by sila.lu