• sila

Elo gëtt gebotzt

Updated: Apr 6, 2019

Fréijoersbotz steet virun der Dir...  an do stellt sech Fro jo net nëmme wei ech meng Botzmëttel duerch méi Nohalteger kann ersetzen, mee och wéi ee Botzgeschiir ech am Alldag benotzen. Och applizéieren sech déi üblech Zero Waste Prinzipien : Probéieren Alternativen zu Plastik ze notzen, an do eng Preferenz zu komfortabele Materialien (wei Holz z.B.) ze benotzen an zu recyclabele wei Metall a Glas. Et kann een och gären upcyclen.

Esou kann een z.B. ganz einfach aus enger  Strëmp a Collant oder Leggings kleng Schwämpëcher maachen. Wei een esou en Tawashi kann hierstelle gesitt der z.B. hei. Op déi Manéier kann een déi typesch giel-gréng plastiks-Schwämm eliminéieren. Fir ze schruppe kann een e Lufa-Schwamp benotzen, dee ganz natierlech ass, awer meeschtens vu méi wäit hier kennt. Et kann een dann och Spéin, aus Stolwoll oder Kofferwoll (Piwelen) benotzen, do ginn et der déi just a Kartong agepaakt sinn.

Als Botz-Eemer kann een en Metall-Eemer huelen, wei een se am Wanter fir d'Äschen aus der Cheminee an de meeschte Geschäfter fënnt.

Biischte kritt een aus Holz, sief et fir ze Spullen oder ze kieren. Och fir den Dreck opzehiewen, kritt ee Schëpp a Biischt aus Holz a Metall. Déi gesinn net nëmme besser aus, halen och vill méi laang wéi déi Plastiks.


sila.lu - holzen Spullbiischten

©2016 by sila.lu