• sila

Flësseg Alles-Seef


Lo vréckt den Dreck - Woch 10

Wien kennt se net di gutt al Marseille Seef vu fréier ? Oder Kernseifeaus Däitschland ?

Klassesch Seefen, och nach Schmierseefe genannt, déi aus engem Fett, enger Lauge/SoudeanWaasser hiergestallt ginn. Traditionell woren et an Däitschland (an och hei bei ons) Déierefetter di aus de Schanken ausgekacht goufen a wou da Seef draus hiergestallt gouf.

An der Marseiller Seef gëtt traditionell nëmmen Olivenueleg dra verschafft. Leider fënnt een déi haut nach kaum, well et muss ee wëssen datt den Numm 'Savon de Marseille' keng Appellation Controlée oder Protegée ass, an dat dofir vill gefuddelt gëtt. Dofir sollt ee genee op der Ingrédientslëscht liese wat dran ass. Oft ass Palmueleg (sodium palmate) mat dra verschafft, an da steet op der Seef ' huiles végétales'. Wann deieren Olivenueleg dra verschafft ass steet kloer '72% Huile d'olive' drop geschriwwen. Des fënnt een nach am Lassenen, notamment a Südfrankräich op de Mäert - E perfekte Cadeau also fir aus der nächster Vakanz mat ze bréngen.

Matt esou enger Marseiller Seef kann eenwierklech Alles botzen. Flecken aus de Kleeder reiwen, Spull maachen, de Kapp wäschen, Duschen etc… Et kann een sech se och verflëssegen an dann als flësseg Alles-seef benotzen, des ass och gutt fir Holzbuedem an Terre-cuite. Esouguer den Hond an den Auto gi propper domadder ! An Léis am Gaart kann een och domadder verdreiwen.

Fir se ze verflëssegen, einfach bëssi Seef rappen an dann am kachend Waasser opléisen (1 gutt gefëllten Zoppeläffel op 250ml Waasser, d.h. also 4 Läffelen op 1 Liter). Dann Offëllen an 2 Deeg waarde bis se nogedeckst ass. Et schued näischt dertëschent se reegelméisseg bëssi ze rëselen. A schonns kennt der mat der Fréijoersbotz lass lee …

P.s. Op des Manéier kennt der och aus ärer Liiblingsseef selwer Duschgel hierstellen.


#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu