• sila

Esseg ass net nëmmen do fir ze Kachen


Lo vréckt den Dreck - Woch 9

Wéi vill Botzmëttel (a Plastiksfläschen) hunn mer doheem stoen, e Produit fir Buedzëmmer, ee fir Kichen, ee fir de Buedem, ee fir Hei an ee fir Do… wien kennt dat net… ?

Dofir beschäftege mir ons an den nächste Woche mat dem Botzen: Wei kann ech Botzen a mäin Haus propper kréien ouni chemesch Botzmëttel an ouni Verpackungen. Also richteg nohalteg ze Botzen.

Mir wäerte gesinn datt mer net vill Ingredient brauchen : Bëssi Esseg oder eng Zitroun, Bakpolver/Natron/Bi-carbonatede soude, an e Stéck klassesch Seef (Marseiller Seef, Kernseife) a Waasser. Domadder kréie mer all Grondrezepter hin, dei een natierlech duerno weider verfeinere kann. Et kann een och nach Soda (Carbonatede Soude, Washing Soda, Cristaux de Soude) a Lehm mat a Spill bréngen an dann ass ee komplett op der gewonnener Säit.

E Wonnermëttel am Botzen ass den Esseg, de ganz normale wäissen Esseg (och nach Botzesseg genannt) geet do duer. Et kritt een ee vu verschiddene Marken an der Glasfläsch, oder wann een an en Unverpackt Geschäft geet, kann een aus engem 5 oder 10 Liter (plastiks)Bidon eraus pompelen an den 3fache Präis bezuelen. Et kann een awer och selwer bei engem Grossist (z.B. bei der Provençale oder an hirem Reseau) e lokale Lëtzebuerger wäissen Esseg am 10 Liter-Bidon fir gutt ënnert 10€ kafen. Leider sinn se (nach) net consignéiert. Wann een elo weess wéi Villes ee mat engem Liter Esseg gebotzt kritt a wat een do Alles botze kann, da mierkt ee séier datt déi eng Glasfläsch oder de Bidong wéineg ass am Verglach zu den Onmasse vu Behältere vun all deenen anere Botzmëttel déi een net méi braucht. En plus benotzt ee keng Chimie Doheem an et schount een och d'Ofwaasser. Et ginn natierlech och Méiglechkeeten sech säin Esseg doheem selwer un ze setzen, dat gesi mer am Hierscht.

Fir mat Esseg ze botzen ass ganz einfach: z.b. Fënsteren : Esseg mat Waasser 1:1 verdënnen. Fir de Buedem ze Botzen (keng Terre-cuite, dozou komme mer nach) kennt einfach e gudde Schotz an de Botzeemer mat dran. Och soss hëlleft en fir an der Kichen an am Buedem ze desinfizéieren an ze entkalleken an et blénkt Alles erëm wéi nei. Esseg kann och als Weichspüler an der Wäschmaschinn oder als Conditionner (verdënnt) beim Hoerwäschen agesat ginn.

Wann een elo keng Loscht huet, datt et bei Botzen no Vinaigrette richt, kann eesech säin Esseg preparéieren. Einfach an engem grousse gliesene Behälter seng Zitrus-Schuelen (Zitrounen, Mandarinnen, Orangen, Pampelmuss, wat grad ufält, ongespëtzt am Beschten) am Esseg e puer Deeg zéie loossen…. A schonns richt et herrlech beim Botzen.


#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu