• sila

The Enemy of Plastic...


... sidd dir !

Lo vréckt den Dreck - Woch 7

Mir hunn elo schonns vill Méiglechkeete gesi wei een Zero Wastezu Lëtzebuerg ka liewen. An mir hunn nach guer net vun de klasseschen Unverpackt Butteker geschwat. Si hunn de Virdeel datt een sech just genee esou vill kann afëlle wei och reell braucht, respektiv et kann een sech Drëschenwueren op Stock kafen da brauch nëmmen all puer Wochen dohinner. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et jo den OUNI dee ganz bekannt ass, zu Suessem gëtt et EIS EPICERIE dee e ganze Rayon en vrac huet, jo esouguer e puer Supermarché'en hunn ugefaangen e puer Silo'en op ze stellen. Zu Tréier gëtt et den UNVERPACKT LADEN an der Foussgängerzonen, hei fir am Frankräich gëtt et Chaîne DAY BY DAY, zu Arel den EPICES ET TOUT, zu Baaschtnech de PURE. Den OVER-THE-MOON zu Baaschtnech huet och Villes am Beräich Botzen a Kierperhygiène am Lassenen an esouguer lecker Téien !

Richteg, am klasseschen TEELADEN kann een och den Téi am Lassene kafen an dat schonns zënter Joren, oder an der MAISON SANTOS an der Groussgaass säi Kaffi… et brauch just seng Tiitchen oder säi Behälter mat ze bréngen. Och Knippercher kann een sech bei LEONIDAS a wei se all heeschen afëlle loossen. Aha, NOW I got your attention ! Ech wousst et, bei Schockela ka keen NEE soen :)


Illustratioun (c) Lisa Grosbusch, 2019. www.lisagrosbusch.com

Och soss fënnt ee Schneekegkeeten op deenen onméiglechste Platzen am Lassenen : am Kino, verschidden Tankstellen, op der Fouer oder der Kiermes… Mee ze vill Schneeken ass net gesond, och wann et elo Zero Wasteass ;-)

Kennt der nach Geschäfter wou der schonns zënter ëmmer akafe gitt a wou är Iesswuere frësch hannert dem Comptoire fir Iech agepaakt ginn? Hutt der schonns probéiert ären eege Säckelchen, Tiitchen oder Behälter do matzehuelen? Probéiert et mol aus, Chancë si ganz grouss datt et klappt ! Esou mëscht Zero Wastedach well richteg Spaass !

Eng aner Méiglechkeet ass en Gros an ze kafen. All Famill huet iergend ee Liewensmëttel vun deem se vill braucht, sief et Nuddelen, Räis, Lënsen, Ierbessen,… Jo wann een en Gros akeeft huet een dann ENG Verpackung (oft Pabéier) - awer net méi 20 oder 30 eenzel Verpackungen. Wann mer éierlech mat ons selwer sinn, géinge mer an engem Unverpackt Butteck all Woch eenzel akafen an am Laf vum Joer genee déi gläich Quantitéit verbrauche wei an onsem grousse Sack ass, hätte mer am Endeffekt och eng grouss Verpackung Offall produzéiert, just datt net mir se mee den Unverpackt Buttek ze da fir ons entsuergt (jo och e Zero Waste Buttek kritt Räiskären net am eenzele geliwwert…). En plus, wann mir selwer en Gros akafe schoune mer och ganz fermen onse Portmonnie. An enger Provencalez.B. fënnt een esou Artikelen, awer och beim Asiat (z.B. an der Staat), Marokkaner oder Afrikaner (z.B. zu Ettelbréck) do kann een säin Räis, Miel a Menthe a Villes méi en Gros akafen.

An, hongereg ? Loscht Zero Wasteakafen ze goen? Dem Plastik äddy ze soen? Lo vreckt den Dreck ....

#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu