• sila

Mëllechtankstellen...

Updated: Mar 22, 2019


Lo vréckt den Dreck - Woch 8

Dat een de Jughurt a consignéierte Glieser an de Supermarché'en kritt mat enger Consigne (15cts), hate mer schonns erwäänt. An Unvepacktbutteker a beim Naturata z.B. kritt een och Mëllech an der consignéierter Fläsch, déi allerdéngs meeschtens vu méi wäit (wei Bayern) ugeliwwert gëtt. Zu Baaschtnech ass se vu engem Haff aus der Ëmgéigend. Et geet awer nach besser, et ginn nämlech well eng Réi Mëllechtankstellen hei am Land, wou ee fir 1€ de Liter (jo nëmmen 1€ !) seng frësch Mëllech kann a selwer afëllen. Net nëmme schmaacht se super, mee et léist sech och excellente Jughurt dermadder selwer hierstellen. Jughurt kann een och aus veganer Mëllech hierstellen. Grondkonzept fir eng Vegan Mëllech ass ganz einfach : 250gr Mandelen, Huewer, Räis, oder op wat ee grad Loscht huet, iwwer Nuecht aweechen. Mueres ofschwenken a da mat engem Liter Waasser reng mixen, duerch eng Tamine filteren a schonns ass e fäerdeg. Mixt een eng Dattel mat, gëtt dat ganzt méi séiss.





A Propos Consigne: Mir hunn Chance hei zu Lëtzebuerg datt vill Gliesenfläsche consignéiert sinn. Och ass onst Krunnewaasser vun excellenter Qualitéit a esouguer ganz ouni Verpackung !

Dat Plastiksfläschen zwar liicht ze droe sinn, a manner CO2 beim Transport op der Strooss verbrauche sinn esou zimlech déi eenzeg Avantagen. Si sinn nëmme begrenzt recyclabel, an och soss net genial fir ons Gesondheet a fir Natur. Bref et ass Plastik an dorobber kënne mer gutt verzichten.


Gudd frësch Mëllech vun der Mëllechtankstell

Op deene Platze wou een nach eng Verpackung huet, sief et consignéiert oder well een en Gros keeft, soll een sech des Hierarchie virun Aen halen :

  1. Am léifsten eng Matière déi kompostabel ass.

  2. E Material wat gutt recyclabel ass wei Glas, Metall, Pabeier oder Kartong.

  3. Nëmmenwann et wierklech net aneschtes geet soll een op Plastik zeréck gräifen - woubäi et quasi ëmmer ouni Plastik geet.

Zu Iesswueren am Kartong sief bemierkt, datt vill vum Kartong duerch chaoteschen an onkontrolléierte Recyclage héich kontaminéiert ass an och an d'Liewensmëttel iwwerginn. E Grond méi ëmmer ze kucken seng eege Verpackungen derbäi ze hunn.


#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu