• sila

Mir sinn all KonsommaKteur

Updated: Mar 7, 2019


Lo vréckt den Dreck - Woch 6

Wéi heescht et esou schéin op franséisch : Acheter, c'est voter ! Mir hunn all de Choix bei deem wat mer kafen a woufir mir ons Euroen ausginn decidéiere mir nach ëmmer selwer. Dat heescht wa mir Nëss am Lassenen an Nëss am Sack niewentenee léien hunn, musse mer héchsten ons eege Bequemlechkeet iwwerwannen an Nëss selwer an onse matbruechte Säckelchen afëllen. Stellt Iech mol fir jiddweree géing esou iwwerleeën an handelen, da géing de Supermarché séier op sengen agepaakten Nëss setze bleiwen an aus reng ekonomesche Grënn ganz séier just nach lassen Nëss ubidden. E banaalt Beispill, wat awer kloer weist datt mer alleguerten onsen Deel kennen derzou bäidroe fir datt ons privat Poubelle op Regimm gesat gëtt an sech domadder och mëttelfristeg eppes am Angebot vum Kommerz verännert. Des Iwwerleeung kann een natierlech nach op vill aner Beräicher uwenden, mee bleiwe mer am Moment mol nach bei den Iesswueren, em déi geet et jo dëse Mount.


Beispill vun de Nëss kann een allgemeng op Uebst a Geméis uwenden. Do brauche mer net vill méi Effort wei mat onsem Broutsak lescht Woch. Et geet duer e stoftene Sack oder Netz derbäi ze hunn fir sech seng Vitaminnen anzekafen (wann der nach keng hutt da schaf Iech am Beschte keng Nylonsnetzer un, net nëmmen halen se net laang, mee wann se bis futti sinn hutt der erëm e plastiks Offall. Et ginn der aus Bio/Fairtrade Kotteng an och aus regionalem Léngent , z.B. bei sila.lu. Dir kennt iech natierlech och Säckelcher aus Stoftreschter doheem kreative zesumme bitzen!

Des einfach, esou bal der doheem ausgepaakt hutt erëm an den Akafskuerf/Valorluxtuut leen a schonns ass de Risiko, datt der en déi nächste Kéier am Geschäft net derbäi hutt extrem kleng. Deemno a wéi engem Supermarché der akaaft, fannt der (nach) net all Uebst a Geméis am Lassenen, an oft ass grad de Bio am Plastik agewéckelt. Wann een da wierklech Bio wëllt, muss een sech froen op een am richtege Geschäft ass, oder net léiwer beim Noper akafe geet, respektiv op de Maart wou vill lokal Produzenten hier gesond Wuer ubidden. Dëst huet och de Virdeel datt der Iech genee kennt informéieren op äert Uebst a Geméis dann och e schéint Liewen hat. Och Initiative wei Terra-Coop, Calendula an nach vill anere bidde Méiglechkeet e gesonden nohaltege grénge Kuerf bei hinnen ze bestellen. Et feelt net u Méiglechkeeten hei zu Lëtzebuerg. . .

Fir Kéis, Fleesch a Fësch frësch vun der Théik ze kafen ass an de lëschte Joren zu Lëtzebuerg och vill méi einfach ginn. Déi kleng Duerfmetzlere ware vun Ufank un oppen an hunn gären an eng matbruechte propper Schossel agefëllt. D'Grand-Surface maachen dat an der Zwëschenzait och: et geet duer datt der är Schossel uewen op Théik setzt an si fëllen Iech et dran. Jo jo, des Praktik huet sech ewell demokratiséiert… Probéiert et emol aus. Wien keng Loscht huet schwéier gliese Schosselen ze schleefen, huet bestëmmt doheem an engem Tirang nach eng ganz Kollektioun vu Plastiksdëppercher mat mindestens genee esou villen Deckelen… dovunner kann een der d'office e puer an säin Akafskuerf bei Säckelcher leen, an da geet deen Tirang och mol erëm gutt zou. E Win-win also :).


Och beim Fleesch a Kéis kann op verschidden Häff kafen, respektiv um Maart. Um Maart fënnt een och soss Nuddelen, Gewürzer, Tartinaden an Oliven am Lassenen, et geet just duer dem Kommerzant säi Behälter dohinner ze halen. An d'Eeër- a Gebeessfrae sinn och frou wann der hier déi aner Woch hier eidel Eeërkartongen a Gebeessglieser erëm matbréngt an erëm Eeër vu glécklechen Hénger bei hier kaaft. Et huet als Niewewierkung och datt een de Bezuch zu senge Liewensmëttel erëm méi fleegt, sech (nach) mäi gesond a bewosst ernäert. An et schmaacht einfach besser ewéi eng Wuer aus enger Zäre oder déi ronderëm halleft Welt gereest ass.

Ëmmer méi Gemengen hunn e Wochemaart déi Nomëttes och bis no de Bürosstonnen op sinn, a Samschdes ass de grousse Maart an der Staat. Zu Arel a Baaschtnech gëtt et och e Biomaart. Hei op onser Websäit referéiere mir och reegelméisseg op Geschäfter déi e seriéisen Effort maache fir Zero Waste Akafen ze erméiglechen… an nee, mir verdéngen näischt dodrunner… Vläicht ass jo dat eent oder anert aus ärer Noperschaft derbäi? Wann och dir Geschäfter kennt déi an des Richtung ginn a wou der mengt déi derwäert sinn hei opgelëscht ze ginn, dann zeckt net a deelt ons dat mat.

Wann mir all bewosst iwwerleeë wou mir ons Euroen ausgi fir ons Iesswuere, kënne mir e groussen Impakt erzielen. Mir sinn all KonsomaKteuren… am Film 'The Enemy of Plastik' … Méi dozou nächst Woch…

#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu