• sila

Shopping !


Lo vréckt den Dreck - Woch 4

Nodeems mer ons déi zwou läscht Woche mat onser Poubelle ausernee gesat hunn, kucke mer des Woch éischter op dat wat mir alles esou vu bausse mat an onse Stot era schleefen, a wat jo ultime iergendwann an onser Poubelle lant. Wann mer aus dem Supermarché heem kommen, hunn mer beim Auspaken oft schonns e riseg Bierg dee mer a Poubelle/Recycling droen. Awer och vill aner Akeef, oder Saachen déi mer vu lenks a riets mat Heem bréngen,benotze mer eng Zäitchen a ginn da, fréier oder spéider, zu Offall.

Dofir wëlle mer des Woch einfach mol ons Gedanken drop setze wat mer dann alles esou kafen a mat Heem bréngen. Nächst Woch kucke mer dann déi éischt Gesten, wei ee Verschiddenes kéint anescht ugoen. Haalt des Woch erëm äert Notizbiichelchen, oder ären Handy parat an dokumentéiert wat iech opfält. Z.B.:

  • Wei eng Zort vun Emballagen hunn meng Iesswueren ?

  • Wat hunn ech des Woch nach esou kaf? Wei war dëse Produit verpaakt? An de Produit selwer, ass en a sengem Endstadium e Kandidat fir Poubelle, de Recycling oder éieren de Kompost?

  • Krut ech iergendwou e Gadget oder aner Gratisartikelen derbäi (Bicker, Autocollant, ….) ?

  • Wat hunn ech vu Kollegen a Famill ugeholl? Wei waren déi Saache verpaakt?

  • Etc…

No dësen dräi Woche gëtt ons bewosst datt alles wat mer ons uschafen/kafen iergend wann zu Offall gëtt. Wei kenne mer dat änneren? Do ginn et vill Méiglechkeeten, wouvunner der vill wierklech ganz einfach ëmzesetze sinn, e puer aanerer vläicht manner. Mee allgemeng kann een sech ee wichtege Sätz verhalen :

Deen Ament wou ech mer eppes uschafen, stellen ech mer d'Fro wat geschitt mat dem Produit wann e bis futti ass? Gett et eng Alternative derzou déi net a Poubelle muss?

Matt dëser Fro wäerte mer ons nach méi oft beschäftegen :) Ab nächster Woch kommen da konkret Iddie wei eng Gesten ee kann ëmsetze fir e Schratt a Richtung Zero Waste Lifestyle ze goen. Et gëtt spannend !


#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu