• sila

ZERO WASTE = ZERO PLASTIK


Lo vréckt den Dreck - Woch 5

An? Nodeems mer ons am Januar Zäit geholl hunn ons mat onser Offallproduktioun a onsem Konsum méi bewosst auserneen ze setzen, gëtt bestëmmt bei Iech och een Haaptgedanken : Lo vreckt den Dreck !

Iwwert déi nächst Wochen a Méint stelle mer praktesch Tipps fir wei een sech op Zero Waste kann ëmstellen hei fir. Einfach Tipps wou fir jiddweree bestëmmt op mannst eppes derbäi ass, an awer och Tipps fir Léit déi méi wäit wëlle goen an hirer Approche. Mir wäerten och no an no Hannergrondwëssen hei deelen, ouni awer elo déi pragmatesch an einfach ëmsetzbar Gesten hei aus den Aen ze verléieren. Well am Endeffekt ass et jo dat wat ons am Alldag interesséiert wei mer eppes verännere kënnen.

Et ass Iech bewosst ginn datt ären Offall verschidden Originnen huet, e groussen Deel awer vun de Verpackung vun de Liewensmëttel kennt. Dofir konzentréiere mir ons am Februar op dëst Thema.

Lo denkt der bestëmmt : ''Jo méi soll ech dat da maachen? Wei soll dat da goen? Ech wëll jo, mee an de Geschäfter ass jo awer ëmmer Alles verpackt…. ''


Jo dat stëmmt… zum groussen Deel op mannst. Des Woch wëlle mer ons mol op just ee Beispill konzentréiere wou mer einfach eppes kennen änneren.

Beim Bäcker.

Et kann een en stoffene Sak mat huelen an sech säi Brout direkt doranner maache loossen, och geschnidden. Mëtschen a Bréidercher fillen sech och super wuel an esou engem Säckelchen. Am Idealfall ass dësen aus Léngent, well da kann ee Brout doheem och gutt dra konservéieren an et bleift gutt frësch. Ausserdeem gëtt et regionaalt Legend ouni Pestiziden a wat net ronderëm hallef Welt gereest ass wéi z.B. de Bio-Kotteng, vu synthetesche Materialie guer net ze schwätzen. Dofir hunn mir bei sila.lu an onse Projeten ons och ganz dem Léngent verschriwwen. Et kann een sech awer och aus enger aler Kappzich oder soss engem Stéck Stoff en Säckelche selwer bitzen, wann ee bëssi kreativ ass! Reegelméisseg gewäscht bleift dat Ganzt natierlech schéin hygienesch.

E Broutsak mat bei de Bäcker huelen ass en Geste deen einfach ëmzesetzen ass a wou een sech selwer relativ séier kann ëm gewinnen. Wann een e bis e puer Mol doheem vergiess huet, fänkt een un en an säin Akafskuerf oder seng Valorluxtuut ze leen an op eng Kéier huet een en ëmmer derbäi.

Nächst Woch kucke mer ons aner einfach Iddien un. En attendant awer nach eng kleng Fauschtreegel, wei ech mech allgemeng kann uleeë bei deene Saachen déi ech (momentan nach) verpaakt kafen :

  1. Ok, Idealfall wier jo keng Verpackung

  2. Wann dann eng Verpackung, dann am léifsten eng Mehrweg, firwat net mat enger Consigne drop (Gedrénks, Jughurt, …)

  3. U leschter Stell kommen dann déi Verpackung deen direkt anPoubelle oder de Recycling wanderen.

Wat de Choix tëschent de Materialien ugeet, kann een sech och eng kleng Fauschtreegel (also staark vereinfacht) verhalen :

  1. Am Léifste Materialien déi kompostabel sinn. Also Materialien déi esou no wei méiglech un der Natur sinn.

  2. Materialien déi komplett an onendlech recyclabel sinn: Pabeier, Glas, Metall

  3. U leschter Stell, a wann net ze vermeiden da Plastiker. Matt de Plastiker setze mer ons nach eng Kéier méi am Detail auserneen, well dat ass e komplext Thema wouzou et vill Meenunge ginn. Ënnert dem Stréch ass Plastik awer ëmmer eppes Artifizielles woumat Natur net frou ass. Datt och biodégradablenPlastik ebenPlastik ass, an net Léisung, erklärt des Kommunikatioun vum Environnement.

Bref, wann der Iech Liewe wëllt einfach maachen, da gëllt eng Fauschtreegel :

Zero Waste = Zero Plastik.

Datt en ka mat natierleche Materialien, Holz, Stoff, Pabeier, Glas a Metall auskomme gesi mer am Laf vum Joer !

#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu