• sila

Offall-Meditatioun 2.0


Lo vréckt den Dreck - Woch 3

Nodeems mer lëscht Woch ons Poubelle an hirem IST-Zoustand méi genee ënnert Lupp geholl hate, wëlle mer ons des Woch méi mat der Dynamik ausernee setzen, an zwar mat dem Flux vun Offall deen am Alldag an Poubelle/Recycling geet. Dëst sinn oft onbewosst Gesten, déi séier niewelaanscht an op Autopilot lafen, ouni datt mer vill driwwer nodenken.


Illustratioun (c) Lisa Grosbusch, 2019. www.lisagrosbusch.com

Fir ons des Woch einfach eng Kéier méi bewosst ze gi wat alles an d'Poubellë respektiv an de Recycling flitt, kann een sech vir un ze fänke mol e klengen Ziedel op den Deckel pechen, fir sech all Kéiers selwer drun ze erënneren an sech dëse Geste bewosst ze maachen. 2 Sekonnen investéiere fir mer unzekucke wat do grad vu menger Hand an d'Poubelle respektiv eng vun de Recyclingskëschte wandert. Dir kennt gären och äert Notizbuch vu leschter Woch huelen, an hei weider Gedanke festhalen, respektiv e Video-Tagebuch mat ärem Handy ophuelen:

  • Sech bewosst gi wat een ewech gehäit.

  • Triéieren ech alles wat méiglech ass, oder huelen ech et net esou genee?

  • Fält den Tri mer liicht, oder weess ech oft net wat a wei eng Tut muss?

  • Wier ech frou wann ech manner Zäit mat dem Triéieren an der Offallgestioun misst verplemperen?

  • Dat wat ech elo do grad ewech geheit hunn, muss et wierklech a Poubelle oder an de Recycling? Oder ass et eigentlech nach gutt, an e kéint nach een et gebrauchen? Hätt ech et kéinte verschenken, verkafen, oder reparéieren loossen, oder esou an enger anerer Funktioun weider benotzen?

Mat den Äntwerten op des Froe wäerte mer ons am Laf vum Joer nach ausernee setze wann mer den Zero Waste weider entdecken, dofir zeckt net Iech är Gedanke fest ze halen, a spéider mat engem néien Bléckwénkel drop zeréck ze kommen. Beäntwert Iech d'Froen wéi ëmmer ouni Iech selwer ze jugéieren, et geet hei jo just drëms sech verschidde Gesten an Automatismen bewosst ze ginn, an sech op deem Wee oppen ze maachen fir eng néi Approche, an net fir gläich an eng Poubelle's-Deprimme ze verfalen.

Zero Waste heescht net nëmmen, wei et oft duergestallt gëtt, just déi schwaarz Poubelle op Null ze reduzéieren, et heescht och säi Recycling ze reduzéieren. A Japan gëtt et en bekannten Zero Wasteduerf, mee et wier éischter en Ekonomie Circulaire's Duerf well einfach all Offall an iwwert 30 verschiddene Kategorië recycléiert gëtt. Do ass awer oft vill Offall derbäi, dee à la Base, guer net néideg gewiescht wier. Dorëms geet et nu emol eben och beim Zero Waste, fir onnëtz Verschwendung vu Ressourcë vermeiden, an einfach nëmme vill méi bewosst a nohalteg ze konsomméieren… méi dozou nächst Woch !

En attendant bis mer alleguerten déi perfekt Zero Wastler sinn, hei nach e puer Informatioune wei een am Beschten säin Offall ka sortéieren an op deem Wee kucken datt esou mann wéi méiglech verbrannt gëtt, an esou vill wéi méiglech am Circuit vun der Ekonomie Circulaire lant, och wann do oft net Upgecycled mee Downcylced gëtt (virun allem beim Plastik).

Hei de Guide vun der Valorlux wat an déi BLO an neierdéngs och an déi GRÉNG Tut däerf !

Bei ville Supermarché'en fënnt een och ewell eng 'Rebox' fir seng Emballagen ofzeginn.

Valorlux huet och eng flott APP!

Et kann een Auminium, Stool, Tetrapak, Glas, Pabéier a Kartong sortéieren, an selwer e Kompost hun respekt beim Minett-Kompost mattmaachen.

Ganz wichteg ass natierlech den Tri vun allen Schuedstoffer déi een bei der Superdreckskëscht kann ofginn!

Weider Informatiounen zu der interkommunaler Offallgestioun fannt der hei :

Illustratioun (c) Lisa Grosbusch, 2019

www.lisagrosbusch.com

#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu