• sila

ET GEET LASS !


LO VRECKT DEN DRECK !

Den Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg !

POUBELLE OP REGIMM

All Woch néi Ideeën !

Firwat sech 2018 net mol fir dat néit Joer de gudde Virsaz huele fir manner Dreck ze produzéieren?

Matt dëser Fro hate mer lëscht Joer den 1. Januar iwwert e puer Wochen den éischten Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg lancéiert.

Well et gutt gefall huet an Nofro do ass, lancéiere mer dëst Joer Versioun 2.0 a bidde wärend 52 Wochen all Woch e flotte Post mat zackegen Idéeën !

Nom Motto 'Lo vreckt den Dreck' gëtt Poubelle op Regimm gesat!

Loscht mat ze maachen? Hutt Der Flemm ëmmer esouvill Dreck a Plastik mussen ze geréieren an triéieren, oder frustréiert et Iech wann Der Biller vum Plastik am Mier gesitt?

Als Zero Waste Lëtzebuerg proposéiere mir Iech all Woch nei Tipps & Tricks déi mer hei publizéieren. Mir wëllen den Zero Waste entmystifizéieren a weise wéi flott an einfach et ass, an datt een esouguer un Liewensqualitéit gewënnt an op näischt muss verzichten - ausser eben op Offall !

Jidderee kann doheem mat- an nomaachen ! Mir fänke lues un, fir datt och all déi déi sech nach ni mat Zero Waste ausernee gesat hunn, kenne mat u Bord kommen. D'Approche ass eng positiv, mir weisen net wei schlecht Dir bis elo gelieft hutt a wei schrecklech Alles ass, mee mir wëlle positiv Denkustéiss ginn an hoffen datt fir jiddereen eppes derbäi ass !

Mir hunn och e puer Iwwerraschunge parat an den Zero Waste Challenge wäert mat flotte Momenter gespickt sinn.

Et ass kee Challenge wou et e Präis zum Schluss gëtt. Et geet ons einfach drëms e Maximum vu Leit ze erreechen an ze inspiréieren. Et soll jidderengem säi private Challenge mat sech selwer a fir sech selwer sinn. Dir dierft ons gären äre Feedback era mailen.

Sidd der prett ? Nächst Woch geet et lass... an zwar vläicht net grad esou wei der Iech dat elo erwaart .... ;-)


#Challenge52 #ZeroWaste

©2016 by sila.lu