• sila

Ooooooommmmmmm - Poubellesmeditatioun !


Lo vréckt den Dreck - Woch 2

Ir mer onsen Offall kenne reduzéieren oder esou guer vermeiden, hëlleft et, sech emol bewosst ze gi wat ee wierklech esou als Offall huet. Dat ass fir jiddereen anescht. Matt dëser Iddi setze mer ons hei am Januar auserneen. Sech einfach mol bewosst gi wat een an der Poubelle huet a wat Alles esou dra lant.

Dir gehéiert bestëmmt schonns fläisseg zu deenen di engagéiert recycléieren, an all Woch är verschidden Dreckskëschten a Valorlux-Tut baussent Dir setzen. Mee wat genee ass do iwwerall dran? Den Tri mëscht een oft automatesch an och schwaarz Poubelle gëtt gefëllt ouni datt ee vill Gedanken dropsetzt.

Dofir huele mir ons des Woch en Notizblock, et kann och gären den digitalen um Smartphone, Tablett oder Computer sinn, a stellen ons op e klengen Tête-à-tête mat onse Poubellen an. Mir huelen ons 10-15 Minutten, wou mer et ons gemittlech maachen, Tëlee anRadio aus, wou mer ons just op Poubelle konzentréieren an ons duerch soss näischt oflenke loossen.

Mir fänke mat der klassesch schwaarzer Poubelle un, stellen ons e puer Froen a schreiwen ons spontan Äntwerten op :

  • Wat leit eigentlech Alles dran?

  • Wéi een Offall sprengt mer als éischt an A?

  • Wéi een Offall irritéiert mech am meeschten?

  • Vu wat léit am meeschten an der Poubelle ?

  • Bei wéi engem Artikel koum de raffinéierte Gedanken, '‘daat dote misst ech awer elo net wierklech a menger Poubelle hunn‘‘?

  • Bei wéi engem Offall duecht ech: ‘‘ah, hunn ech dat doten?''

  • Bei wéi engem Offall koum de bedréckende Gedanken, ‘‘daat heite kann ech jo awer NIMOOLS evitéiere – wéi soll dat dann nëmme goen‘‘?

  • Sinn ech allgemeng zefridde mat menger Poubelle, well ech mer schonns vill Méi maache fir mäin Offall ze reduzéieren, oder sinn ech grad am gaange mer Virwërf ze maachen ?

Dir kennt och gären e puer Fotoe mam Handy maachen, fir den aktuellen Zoustand ze dokumentéieren a fest ze halen an zesumme mat ären Notizen ofspäicheren.


No der schwaarzer Poubelle kuckenmer da och ons Recyclingskëschten an -tuten un:

  • Wat triéieren ech eigentlech? (Glas, Pabeier, Valorlux, Superdreckskëscht, ....)

  • Wie eng vu menge Recyclingskëschten ass am Beschte gefëllt?

  • Wat léit do eigentlech Alles dran?

  • Wat léit an deenen aneren dran?

  • Wat irritéiert mech am meeschten?

  • Bei wéi engem Offall duecht ech, ‘‘daat dote wier eigentlech nach gutt an een Anere kéint dat bestëmmt nach gebrauchen‘‘ ?

  • Ech kann och nach eng Kéier di Froen di ech mer bei der schwaarzer Poubelle beäntwert hunn, hei duerch huelen.

  • Fannen ech et ustrengend an zéitopwendeg den Tri ze maachen ? Wat wann ech net nëmme meng Poubelle mee och mäin Recycling kéint op Regimm setzen?

Haalt roueg all är Gedanken an Äntwerten a ärem Notizblock fest, natierlech ouni se iergendwéi ze jugéieren. Et ass nëmmen eng Bestandsopnam an en Exercice fir sech iwwert seng perséinlech Wegwerf-Gewunnechte bewosst ze ginn. Maacht Iech keng Virwërf wann der mengt är Poubelle wier ze voll, well dir liest jo hei um Challenge mat, well der ären Offall wëllt reduzéieren! Focus on the positive!

Well mer all motivéiert sinn an et Spaass mech, kënnt der Iech iwwerleeë wou iwwerall a menger Wunneng nach Poubellë stinn (nenne mer se elo mol di kleng Poubellen): An der Kichen? Am Buedzëmmer? Beim Pult? Am Garage? Bei der Wäschmaschinn? E Kompost?

Natierlech kritt all kleng Poubelle och seng eege Poubellesmediatioun an säin eegene Moment an ärem Notizblock - mir wëllen se jo net diskriminéieren. Maacht Iech e Spaass draus all kleng Poubelle eenzel besichen ze goen, an Iech dobäi déi gläich Froe wéi virdrunner bei der schwaarzer Poubelle an der Recyclingsstatioun ze stëllen. Pro kleng Poubelle kennt der dann déi spezifesch Gedanke schrëftlech festhalen.

No dësem kuerzen awer spannenden Exercice, maacht Iech e gemittlech a kuckt nach eng Kéier a Rou duerch är Notizen. Sinn do Offäll derbäi wou Iech schonns direkt spontan eng Alternativen agefall ass? Da schreiwen se déi direkt derniewent, a firwat net an enger flotter Faarf?

Méi net.

Haut geet et net drëms fir Alles eng Léisung an eng Alternativen ze fannen, haut goung et nëmmen drëms sech senge Poubellen an hirem Contenu bewosst ze ginn. Ech loossen dat och elo gemittlech asacken, an hunn eppes definitiv eppes Originelles wat ech de Samschden den Owend de Kollegen um Iesse ka verzielen !

#Challenge52

©2016 by sila.lu