top of page

Wed, Oct 16

|

Beim Lis, Rued

ZW Lifestyle Workshop

E Virtrag matt praktechen Tipps an duerno kennt der selwer e ganze Koup Rezepter ausprobéieren!

Registration is Closed
See other events
ZW Lifestyle Workshop

Time & Location

Oct 16, 2019, 6:00 PM – 9:00 PM

Beim Lis, Rued, 7 Rue de la Gare, 6910 Roodt-sur-Syre, Luxembourg

About the event

Tania Gibéryen huet e puer Joer an der kanadescher Arktis gelieft an do ugefaangen ouni Offall ze liewen, zerèck zu Lëtzebuerg deelt Si hier Passioun vun dëem Eko-chic'en Liewensstil a proposéiert bei éis am Haus e spannende Workshop:

Den éschten Deel besteet aus enger interaktiver Presentatioun wei een säin Alldag mat einfache Gesten a Richtung Zero Waste kann ëmstellen : an der Kichen, am Buedzëmmer, beim Botzen, beim Akafen, wann Besuch kennt, wann een ënnerwee ass, op der Aarbecht resp. mat Kanner an der Schoul.

Am zweeten Deel vum Workshop kennt Der selwer Hand uleeén a léiere wéi Der Deo, Zahnpasta, Wäsch- a Botzmëttel selwer präiswäert an ökologesch kennt hierstellen an dobäi och nach Offall kennt vermeiden.

Material ass am Präis abegraff, an Dir kennt är selwer gemeete Produiten a Rezepter och duerno mat heem huelen.

55€/Persoun

Umellen direkt bei http://www.beimlis.lu

Umellen NET hei iwwert Websait mee direkt beim Duerftreff beim Lis:

Ina Gard:  ina.gard (a) elisabeth.lu, Tel. 691 719 014

Lynn Rocchio: lynn.rocchio (a) elisabeth.lu, Tel. 691 719 013

Share this event

bottom of page