website currently under construction
Sat, Jun 29
|Club Senior ‘A Bosselesch’
ZW Lifestyle Workshop
E Virtrag matt praktechen Tipps an duerno kennt der selwer e ganze Koup Rezepter ausprobéieren! Et gett och e leckeren Zero Waste Apéro !

Time & Location
Jun 29, 2019, 9:30 AM – Jun 30, 2019, 12:30 PM
Club Senior ‘A Bosselesch’, 1 Rue de Limpach, 3932 Mondercange, Luxembourg
About the event
Tania Gibéryen huet e puer Joer an der kanadescher Arktis gelieft an do ugefaangen ouni Offall ze liewen, zerèck zu Lëtzebuerg deelt Si hier Passioun vun dëem Eko-chic'en Liewensstil a proposéiert bei éis am Haus e spannende Workshop:
Den éschten Deel besteet aus enger interaktiver Presentatioun wei een säin Alldag mat einfache Gesten a Richtung Zero Waste kann ëmstellen : an der Kichen, am Buedzëmmer, beim Botzen, beim Akafen, wann Besuch kennt, wann een ënnerwee ass, op der Aarbecht resp. mat Kanner an der Schoul.
Am zweeten Deel vum Workshop kennt Der selwer Hand uleeén a léiere wéi Der Deo, Zahnpasta, Wäsch- a Botzmëttel selwer präiswäert an ökologesch kennt hierstellen an dobäi och nach Offall kennt vermeiden.
Material ass am Präis abegraff, an Dir kennt är selwer gemeete Produiten a Rezepter och duerno mat heem huelen.
Umellen direkt op hello@sila.lu
Bei guddem Wierder fennt de Workshop dobaussen op der Terrasse statt a mir hun och en ZeroWaste Apéretif fir Iech parat.
55€/Persoun
Umellen um 26 55 36 w.e.g.