website currently under construction
Tue, Mar 24
|National Service Youth Centre Marienthal
REPORTE/COVID : Elo vreckt den Dreck ! Wie kréien ech déi Jonk drun d‘Poubellen op Régim ze setzen? (1)
Formatioun zesummen mam SNJ. Fir Educateuren an all déi déi am Jugendbereich täteg sinn. Deel 2/2


Time & Location
Mar 24, 2020, 9:00 AM
National Service Youth Centre Marienthal, 7411 Marienthal, Luxembourg
About the event
Elo vreckt den Dreck ! Wie kréien ech déi Jonk drun d‘Poubellen op Régim ze setzen?
Opgepasst: Och är Poubelle riskéiert an Zukunft Honger ze leiden!
Entdeckt dei verschidde Facetten vum Zero Waste a Zero Plastik an enger holistecher Approche, a léiert wéi dir déi Jonk dozou animéiert kritt fir manner – oder esouguer guer keen Offall méi ze produzéieren.
Et wärt ons net u konkrete Beispiller aus dem Zero Waste feelen! Eng Bananneschuel ass net nëmmen do fir drop auszerutschen…
Wéi kann ee matt einfachen a konkreten Gesten säin Offall an och säi Recycling ganz staark reduzéieren an dobäi och nach u Liewensqualitéit gewannen?
Bei ville praktechen Übungen entdeckt dir z.B. d‘Techniken wéi dir är Fleegeprodukter an Haushaltsmëttel selwer kënnt hierstellen. Do-it-yourself an anere Beräicher gëtt och exploréiert, a mir maan ons Gedanken iwwer d‘Economie circulaire am Haushalt.
Mir schaffen zesummen un neie Methoden wéi d‘Jugend hiren Alldag doheem an och am Grupp am Jugendhaus/Maison Relais méi nohalteg gestallte kënnen a wéi si konkret Aktioune kënne réaliséieren! Dëst och a Kollaboratioun matt Youth4Planet.org.