top of page
SILA_Yoga.png

LO VRECKT DEN DRECK !

Den Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg !

SILA_Yoga.png

ET GEET LASS !

1. Januar 2019

Firwat sech 2018 net mol fir dat néit Joer de gudde Virsaz huele fir manner Dreck ze produzéieren? 


Matt dëser Fro hate mer lëscht Joer den 1. Januar iwwert e puer Wochen den éischten Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg lancéiert. 

Well et gutt gefall huet an Nofro do ass, lancéiere mer dëst Joer Versioun 2.0 a bidde wärend 52 Wochen all Woch e flotte Post mat zackegen Idéeën !


Nom Motto 'Lo vreckt den Dreck' gëtt Poubelle op Regimm gesat!

Loscht mat ze maachen? Hutt Der Flemm ëmmer esouvill Dreck a Plastik mussen ze geréieren an triéieren, oder frustréiert et Iech wann Der Biller vum Plastik am Mier gesitt?


Als Zero Waste Lëtzebuerg proposéiere mir Iech all Woch nei Tipps & Tricks déi mer hei publizéieren. Mir wëllen den Zero Waste entmystifizéieren a weise wéi flott an einfach et ass, an datt een esouguer un Liewensqualitéit gewënnt an op näischt muss verzichten - ausser eben op Offall !

Jidderee kann doheem mat- an nomaachen ! Mir fänke lues un, fir datt och all déi déi sech nach ni mat Zero Waste ausernee gesat hunn, kenne mat u Bord kommen. D'Approche ass eng positiv, mir weisen net wei schlecht Dir bis elo gelieft hutt a wei schrecklech Alles ass, mee mir wëlle positiv Denkustéiss ginn an hoffen datt fir jiddereen eppes derbäi ass ! 

Mir hunn och e puer Iwwerraschunge parat an den Zero Waste Challenge wäert mat flotte Momenter gespickt sinn.


Et ass kee Challenge wou et e Präis zum Schluss gëtt. Et geet ons einfach drëms e Maximum vu Leit ze erreechen an ze inspiréieren. Et soll jidderengem säi private Challenge mat sech selwer a fir sech selwer sinn. Dir dierft ons gären äre Feedback era mailen.


Sidd der prett ? Nächst Woch geet et lass... an zwar vläicht net grad esou wei der Iech dat elo erwaart .... ;-)

IMG_3680.JPG

OOOOOOOOOMMMMMMM

2. WOCH - Poubellesmeditatioun !

Ir mer onsen Offall kenne reduzéieren oder esou guer vermeiden, hëlleft et, sech emol bewosst ze gi wat ee wierklech esou als Offall huet. Dat ass fir jiddereen anescht. Matt dëser Iddi setze mer ons hei am Januar auserneen. Sech einfach mol bewosst gi wat een an der Poubelle huet a wat Alles esou dra lant.


Dir gehéiert bestëmmt schonns fläisseg zu deenen di engagéiert recycléieren, an all Woch är verschidden Dreckskëschten a Valorlux-Tut baussent Dir setzen. Mee wat genee ass do iwwerall dran? Den Tri mëscht een oft automatesch an och schwaarz Poubelle gëtt gefëllt ouni datt ee vill Gedanken dropsetzt.


Dofir huele mir ons des Woch en Notizblock, et kann och gären den digitalen um Smartphone, Tablett oder Computer sinn, a stellen ons op e klengen Tête-à-tête mat onse Poubellen an. Mir huelen ons 10-15 Minutten, wou mer et ons gemittlech maachen, Tëlee anRadio aus, wou mer ons just op Poubelle konzentréieren an ons duerch soss näischt oflenke loossen.


Mir fänke mat der klassesch schwaarzer Poubelle un, stellen ons e puer Froen a schreiwen ons spontan Äntwerten op :


  • Wat leit eigentlech Alles dran?

  • Wéi een Offall sprengt mer als éischt an A?

  • Wéi een Offall irritéiert mech am meeschten?

  • Vu wat léit am meeschten an der Poubelle ?

  • Bei wéi engem Artikel koum de raffinéierte Gedanken, '‘daat dote misst ech awer elo net wierklech a menger Poubelle hunn‘‘?

  • Bei wéi engem Offall duecht ech: ‘‘ah, hunn ech dat doten?''

  • Bei wéi engem Offall koum de bedréckende Gedanken, ‘‘daat heite kann ech jo awer NIMOOLS evitéiere – wéi soll dat dann nëmme goen‘‘?

  • Sinn ech allgemeng zefridde mat menger Poubelle, well ech mer schonns vill Méi maache fir mäin Offall ze reduzéieren, oder sinn ech grad am gaange mer Virwërf ze maachen ?

Dir kennt och gären e puer Fotoe mam Handy maachen, fir den aktuellen Zoustand ze dokumentéieren a fest ze halen an zesumme mat ären Notizen  ofspäicheren.


No der schwaarzer Poubelle kuckenmer da och ons Recyclingskëschten an -tuten un:


  • Wat triéieren ech eigentlech? (Glas, Pabeier, Valorlux, Superdreckskëscht, ....)

  • Wie eng vu menge Recyclingskëschten ass am Beschte gefëllt?

  • Wat léit do eigentlech Alles dran?

  • Wat léit an deenen aneren dran?

  • Wat irritéiert mech am meeschten?

  • Bei wéi engem Offall duecht ech, ‘‘daat dote wier eigentlech nach gutt an een Anere kéint dat bestëmmt nach gebrauchen‘‘ ?

  • Ech kann och nach eng Kéier di Froen di ech mer bei der schwaarzer Poubelle beäntwert hunn, hei duerch huelen.

  • Fannen ech et ustrengend an zéitopwendeg den Tri ze maachen ? Wat wann ech net nëmme meng Poubelle mee och mäin Recycling kéint op Regimm setzen?


Haalt roueg all är Gedanken an Äntwerten a ärem Notizblock fest, natierlech ouni se iergendwéi ze jugéieren. Et ass nëmmen eng Bestandsopnam an en Exercice fir sech iwwert seng perséinlech Wegwerf-Gewunnechte bewosst ze ginn. Maacht Iech keng Virwërf wann der mengt är Poubelle wier ze voll, well dir liest jo hei um Challenge mat, well der ären Offall wëllt reduzéieren! Focus on the positive!


Well mer all motivéiert sinn an et Spaass mech, kënnt der Iech iwwerleeë wou iwwerall a menger Wunneng nach Poubellë stinn (nenne mer se elo mol di kleng Poubellen): An der Kichen? Am Buedzëmmer? Beim Pult? Am Garage? Bei der Wäschmaschinn? E Kompost?


Natierlech kritt all kleng Poubelle och seng eege Poubellesmediatioun an säin eegene Moment an ärem Notizblock - mir wëllen se jo net diskriminéieren. Maacht Iech e Spaass draus all kleng Poubelle eenzel besichen ze goen, an Iech dobäi  déi gläich Froe wéi virdrunner bei der schwaarzer Poubelle an der Recyclingsstatioun ze stëllen. Pro kleng Poubelle kennt der dann déi spezifesch Gedanke schrëftlech festhalen.


No dësem kuerzen awer spannenden Exercice, maacht Iech e gemittlech a kuckt  nach eng Kéier a Rou duerch är Notizen. Sinn do Offäll derbäi wou Iech schonns direkt spontan eng Alternativen agefall ass? Da schreiwen se déi  direkt derniewent, a firwat net an enger flotter Faarf?


Méi net.


Haut geet et net drëms fir Alles eng Léisung an eng Alternativen ze fannen, haut goung et nëmmen drëms sech senge Poubellen an hirem Contenu bewosst ze ginn. Ech loossen dat och elo gemittlech asacken, an hunn eppes definitiv eppes Originelles wat ech de Samschden den Owend de Kollegen um Iesse ka verzielen !

woch 3.jpg

OFFALL-MEDITATIOUN 2.0

14.01.2019

Nodeems mer lëscht Woch ons Poubelle an hirem IST-Zoustand méi genee ënnert Lupp geholl hate, wëlle mer ons des Woch méi mat der Dynamik ausernee setzen, an zwar mat dem Flux vun Offall deen am Alldag an Poubelle/Recycling geet. Dëst sinn oft onbewosst Gesten, déi séier niewelaanscht an op Autopilot lafen, ouni datt mer vill driwwer nodenken.


Fir ons des Woch einfach eng Kéier méi bewosst ze gi wat alles an d'Poubellë respektiv an de Recycling flitt, kann een sech vir un ze fänke mol e klengen Ziedel op den Deckel pechen, fir sech all Kéiers selwer drun ze erënneren an sech dëse Geste bewosst ze maachen. 2 Sekonnen investéiere fir mer unzekucke wat do grad vu menger Hand an d'Poubelle respektiv eng vun de Recyclingskëschte wandert.


Dir kennt gären och äert Notizbuch vu leschter Woch huelen, an hei weider Gedanke festhalen, respektiv e Video-Tagebuch mat ärem Handy ophuelen:

  • Sech bewosst gi wat een ewech gehäit.

  • Triéieren ech alles wat méiglech ass, oder huelen ech et net esou genee?

  • Fält den Tri mer liicht, oder weess ech oft net wat a wei eng Tut muss?

  • Wier ech frou wann ech manner Zäit mat dem Triéieren an der Offallgestioun misst verplemperen?

  • Dat wat ech elo do grad ewech geheit hunn, muss et wierklech a Poubelle oder an de Recycling? Oder ass et eigentlech nach gutt, an e kéint nach een et gebrauchen? Hätt ech et kéinte verschenken, verkafen, oder reparéieren loossen, oder esou an enger anerer Funktioun weider benotzen?


Mat den Äntwerten op des Froe wäerte mer ons am Laf vum Joer nach ausernee setze wann mer den Zero Waste weider entdecken, dofir zeckt net Iech är Gedanke fest ze halen, a spéider mat engem néien Bléckwénkel drop zeréck ze kommen. Beäntwert Iech d'Froen wéi ëmmer ouni Iech selwer ze jugéieren, et geet hei jo just drëms sech verschidde Gesten an Automatismen bewosst ze ginn, an sech op deem Wee oppen ze maachen fir eng néi Approche, an net fir gläich an eng Poubelle's-Deprimme ze verfalen.


Zero Waste heescht net nëmmen, wei et oft duergestallt gëtt, just déi schwaarz Poubelle op Null ze reduzéieren, et heescht och säi Recycling ze reduzéieren. A Japan gëtt et en bekannten Zero Wasteduerf, mee et wier éischter en Ekonomie Circulaire's Duerf well einfach all Offall an iwwert 30 verschiddene Kategorië recycléiert gëtt. Do ass awer oft vill Offall derbäi, dee à la Base, guer net néideg gewiescht wier. Dorëms geet et nu emol eben och beim Zero Waste, fir onnëtz Verschwendung vu Ressourcë vermeiden, an einfach nëmme vill méi bewosst a nohalteg ze konsomméieren… méi dozou nächst Woch !

En attendant bis mer alleguerten déi perfekt Zero Wastler sinn, hei nach e puer Informatioune wei een am Beschten säin Offall ka sortéieren an op deem Wee kucken datt esou mann wéi méiglech verbrannt gëtt, an esou vill wéi méiglech am Circuit vun der Ekonomie Circulaire lant, och wann do oft net Upgecycled mee Downcylced gëtt (virun allem beim Plastik).


Hei de Guide vun der Valorlux wat an déi BLO an neierdéngs och an déi GRÉNG Tut däerf !

Bei ville Supermarché'en fënnt een och ewell eng 'Rebox'fir seng Emballagen ofzeginn.

Valorlux huet och eng flott APP!

Et kann een AuminiumStoolTetrapakGlas, Pabéier a Kartong sortéieren, an selwer e Kompost hun respekt beim Minett-Kompost matt maachen. 

Ganz wichteg ass natierlech den Tri vun allen Schuedstoffer déi een bei der Superdreckskëscht kann ofginn!

Weider Informatiounen zu der interkommunaler Offallgestioun fannt der hei :


Illustratioun (c) Lisa Grosbusch, 2019

www.lisagrosbusch.com

IMG_9222.jpg

SHOPPING !

21. Januar 2019

Nodeems mer ons déi zwou läscht Woche mat onser Poubelle ausernee gesat hunn, kucke mer des Woch éischter op dat wat mir alles esou vu bausse mat an onse Stot era schleefen, a wat jo ultime iergendwann an onser Poubelle lant. Wann mer aus dem Supermarché heem kommen, hunn mer beim Auspaken oft schonns e riseg Bierg dee mer a Poubelle/Recycling droen. Awer och vill aner Akeef, oder Saachen déi mer vu lenks a riets mat Heem bréngen,benotze mer eng Zäitchen a ginn da, fréier oder spéider, zu Offall.


Dofir wëlle mer des Woch einfach mol ons Gedanken drop setze wat mer dann alles esou kafen a mat Heem bréngen. Nächst Woch kucke mer dann déi éischt Gesten, wei ee Verschiddenes kéint anescht ugoen. Haalt des Woch erëm äert Notizbiichelchen, oder ären Handy parat an dokumentéiert wat iech opfält. Z.B.:

  • Wei eng Zort vun Emballagen hunn meng Iesswueren ?

  • Wat hunn ech des Woch nach esou kaf? Wei war dëse Produit verpaakt? An de Produit selwer, ass en a sengem Endstadium e Kandidat fir Poubelle, de Recycling oder éieren de Kompost?

  • Krut ech iergendwou e Gadget oder aner Gratisartikelen derbäi (Bicker, Autocollant, ….) ?

  • Wat hunn ech vu Kollegen a Famill ugeholl? Wei waren déi Saache verpaakt?

  • Etc…


No dësen dräi Woche gëtt ons bewosst datt alles wat mer ons uschafen/kafen iergend wann zu Offall gëtt. Wei kenne mer dat änneren? Do ginn et vill Méiglechkeeten, wouvunner der vill wierklech ganz einfach ëmzesetze sinn, e puer aanerer vläicht manner. Mee allgemeng kann een sech ee wichtege Sätz verhalen :


Deen Ament wou ech mer eppes uschafen, stellen ech mer d'Fro wat geschitt mat dem Produit wann e bis futti ass? Gett et eng Alternative derzou déi net a Poubelle muss?

Matt dëser Fro wäerte mer ons nach méi oft beschäftegen :) Ab nächster Woch kommen da konkret Iddie wei eng Gesten ee kann ëmsetze fir e Schratt a Richtung Zero Waste Lifestyle ze goen. Et gëtt spannend !

Screen Shot 2019-02-02 at 10.21.20 AM.pn

ZERO WASTE = ZERO PLASTIK

28.01.2019

An? Nodeems mer ons am Januar Zäit geholl hunn ons mat onser Offallproduktioun a onsem Konsum méi bewosst auserneen ze setzen, gëtt bestëmmt bei Iech och een Haaptgedanken : Lo vreckt den Dreck !


Iwwert déi nächst Wochen a Méint stelle mer praktesch Tipps fir wei een sech op Zero Waste kann ëmstellen hei fir. Einfach Tipps wou fir jiddweree bestëmmt op mannst eppes derbäi ass, an awer och Tipps fir Léit déi méi wäit wëlle goen an hirer Approche. Mir wäerten och no an no Hannergrondwëssen hei deelen, ouni awer elo déi pragmatesch an einfach ëmsetzbar Gesten hei aus den Aen ze verléieren. Well am Endeffekt ass et jo dat wat ons am Alldag interesséiert wei mer eppes verännere kënnen.


Et ass Iech bewosst ginn datt ären Offall verschidden Originnen huet, e groussen Deel awer vun de Verpackung vun de Liewensmëttel kennt. Dofir konzentréiere mir ons am Februar op dëst Thema.


Lo denkt der bestëmmt : ''Jo méi soll ech dat da maachen? Wei soll dat da goen? Ech wëll jo, mee an de Geschäfter ass jo awer ëmmer Alles verpackt…. ''


Jo dat stëmmt… zum groussen Deel op mannst. Des Woch wëlle mer ons mol op just ee Beispill konzentréiere wou mer einfach eppes kennen änneren.


Beim Bäcker.


Et kann een en stoffene Sak mat huelen an sech säi Brout direkt doranner maache loossen, och geschnidden. Mëtschen a Bréidercher fillen sech och super wuel an esou engem Säckelchen. Am Idealfall ass dësen aus Léngent, well da kann ee Brout doheem och gutt dra konservéieren an et bleift gutt frësch. Ausserdeem gëtt et regionaalt Legend ouni Pestiziden a wat net ronderëm hallef Welt gereest ass wéi z.B. de Bio-Kotteng, vu synthetesche Materialie guer net ze schwätzen. Dofir hunn mir bei sila.lu an onse Projeten ons och ganz dem Léngent verschriwwen. Et kann een sech awer och aus enger aler Kappzich oder soss engem Stéck Stoff en Säckelche selwer bitzen, wann ee bëssi kreativ ass! Reegelméisseg gewäscht bleift dat Ganzt natierlech schéin hygienesch.


E Broutsak mat bei de Bäcker huelen ass en Geste deen einfach ëmzesetzen ass a wou een sech selwer relativ séier kann ëm gewinnen. Wann een e bis e puer Mol doheem vergiess huet, fänkt een un en an säin Akafskuerf oder seng Valorluxtuut ze leen an op eng Kéier huet een en ëmmer derbäi.


Nächst Woch kucke mer ons aner einfach Iddien un. En attendant awer nach eng kleng Fauschtreegel, wei ech mech allgemeng kann uleeë bei deene Saachen déi ech (momentan nach) verpaakt kafen :



  1. Ok, Idealfall wier jo keng Verpackung

  2. Wann dann eng Verpackung, dann am léifsten eng Mehrweg, firwat net mat enger Consigne drop (Gedrénks, Jughurt, …)

  3. U leschter Stell kommen dann déi Verpackung deen direkt anPoubelle oder de Recycling wanderen.



Wat de Choix tëschent de Materialien ugeet, kann een sech och eng kleng Fauschtreegel (also staark vereinfacht) verhalen :


  1. Am Léifste Materialien déi kompostabel sinn. Also Materialien déi esou no wei méiglech un der Natur sinn.

  2. Materialien déi komplett an onendlech recyclabel sinn: Pabeier, Glas, Metall

  3. U leschter Stell, a wann net ze vermeiden da Plastiker. Matt de Plastiker setze mer ons nach eng Kéier méi am Detail auserneen, well dat ass e komplext Thema wouzou et vill Meenunge ginn. Ënnert dem Stréch ass Plastik awer ëmmer eppes Artifizielles woumat Natur net frou ass. Datt och biodégradablenPlastik ebenPlastik ass, an net Léisung, erkläredëse Rapport vum Environnement.


Bref, wann der Iech Liewe wëllt einfach maachen, da gëllt eng Fauschtreegel :

Zero Waste= Zero Plastik.


Datt en ka mat natierleche Materialien, Holz, Stoff, Pabeier, Glas a Metall auskomme gesi mer am Laf vum Joer !

Screen Shot 2019-02-02 at 10.35.12 AM.pn

MIR SINN ALL KONSOMMAKTEUR

4. Februar 2019

Wéi heescht et esou schéin op franséisch : Acheter, c'est voter ! Mir hunn all de Choix bei deem wat mer kafen a woufir mir ons Euroen ausginn decidéiere mir nach ëmmer selwer. Dat heescht wa mir Nëss am Lassenen an Nëss am Sack niewentenee léien hunn, musse mer héchsten ons eege Bequemlechkeet iwwerwannen an Nëss selwer an onse matbruechte Säckelchen afëllen. Stellt Iech mol fir jiddweree géing esou iwwerleeën an handelen, da géing de Supermarché séier op sengen agepaakten Nëss setze bleiwen an aus reng ekonomesche Grënn  ganz séier just nach lassen Nëss ubidden. E banaalt Beispill, wat awer kloer weist datt mer alleguerten onsen Deel kennen derzou bäidroe fir datt ons privat Poubelle op Regimm gesat gëtt an sech domadder och mëttelfristeg eppes am Angebot vum Kommerz verännert. Des Iwwerleeung kann een natierlech nach op vill aner Beräicher uwenden, mee bleiwe mer am Moment mol nach bei den Iesswueren, em déi geet et jo dëse Mount.


Beispill vun de Nëss kann een allgemeng op Uebst a Geméis uwenden. Do brauche mer net vill méi Effort wei mat onsem Broutsak lescht Woch. Et geet duer e stoftene Sack oder Netz derbäi ze hunn fir sech seng Vitaminnen anzekafen (wann der nach keng hutt da schaf Iech am Beschte keng Nylonsnetzer un, net nëmmen halen se net laang, mee wann se bis futti sinn hutt der erëm e plastiks Offall. Et ginn der aus Bio/Fairtrade Kotteng an och aus regionalem Léngent , z.B. bei sila.lu. Dir kennt iech natierlech och Säckelcher aus Stoftreschter doheem kreative zesumme bitzen!


Des einfach, esou bal der doheem ausgepaakt hutt erëm an den Akafskuerf/Valorluxtuut leen a schonns ass de Risiko, datt der en déi nächste Kéier am Geschäft net derbäi hutt extrem kleng. Deemno a wéi engem Supermarché der akaaft, fannt der (nach) net all Uebst a Geméis am Lassenen, an oft ass grad de Bio am Plastik agewéckelt. Wann een da wierklech Bio wëllt, muss een sech froen op een am richtege Geschäft ass, oder net léiwer beim Noper akafe geet, respektiv op de Maart wou vill lokal Produzenten hier gesond Wuer ubidden. Dëst huet och de Virdeel datt der Iech genee kennt informéieren op äert Uebst a Geméis dann och e schéint Liewen hat. Och Initiative wei Terra-Coop, Calendula an nach vill anere bidde Méiglechkeet e gesonden nohaltege grénge Kuerf bei hinnen ze bestellen. Et feelt net u Méiglechkeeten hei zu Lëtzebuerg. . .


Fir Kéis, Fleesch a Fësch frësch vun der Théik ze kafen ass an de lëschte Joren zu Lëtzebuerg och vill méi einfach ginn. Déi kleng Duerfmetzlere ware vun Ufank un oppen an hunn gären an eng matbruechte propper Schossel agefëllt. D'Grand-Surface maachen dat an der Zwëschenzait och: et geet duer datt der är Schossel uewen op Théik setzt an si fëllen Iech et dran. Jo jo, des Praktik huet sech ewell demokratiséiert… Probéiert et  emol aus. Wien keng Loscht huet schwéier gliese Schosselen ze schleefen, huet bestëmmt doheem an engem Tirang nach eng ganz Kollektioun vu Plastiksdëppercher mat mindestens genee esou villen Deckelen… dovunner kann een der d'office e puer an säin Akafskuerf bei Säckelcher leen, an da geet deen Tirang och mol erëm gutt zou. E Win-win also :).


Och beim Fleesch a Kéis kann op verschidden Häff kafen, respektiv um Maart. Um Maart fënnt een och soss Nuddelen, Gewürzer, Tartinaden an Oliven am Lassenen, et geet just duer dem Kommerzant säi Behälter dohinner ze halen. An d'Eeër- a Gebeessfrae sinn och frou wann der hier déi aner Woch hier eidel Eeërkartongen a Gebeessglieser erëm matbréngt an erëm Eeër vu glécklechen Hénger bei hier kaaft. Et huet als Niewewierkung och datt een de Bezuch zu senge Liewensmëttel erëm méi fleegt, sech (nach) mäi gesond a bewosst ernäert. An et schmaacht einfach besser ewéi eng Wuer aus enger Zäre oder déi ronderëm halleft Welt gereest ass.


Ëmmer méi Gemengen hunn e Wochemaart déi Nomëttes och bis no de Bürosstonnen op sinn, a Samschdes ass de grousse Maart an der Staat. Zu Arel a Baaschtnech gëtt et och e Biomaart. Hei op onser Websäit referéiere mir och reegelméisseg op Geschäfter déi e seriéisen Effort maache fir Zero Waste Akafen ze erméiglechen… an nee, mir verdéngen näischt dodrunner… Vläicht ass jo dat eent oder anert aus ärer Noperschaft derbäi? Wann och dir Geschäfter kennt déi an des Richtung ginn a wou der mengt déi derwäert sinn hei opgelëscht ze ginn, dann zeckt net a deelt ons dat mat.


Wann mir all bewosst iwwerleeë wou mir ons Euroen ausgi fir ons Iesswuere, kënne mir e groussen Impakt erzielen. Mir sinn all KonsomaKteuren… am Film 'The Enemy of Plastik' … Méi dozou nächst Woch…

bottom of page