zero waste lifestyle. inspired in the Arctic. designed in Luxembourg.
Hei gesitt der op wéi engen Hobbymäert Dir ons fannt!
See in which Hobbymarkets we participate.
Dir wëllt eng Konferenz zum Thema Zero Waste organiséieren? En Atelier zum Thema? Wéi kann ee mat einfache Gesten am Alldag seng Poubelle op Regimm setzen? Wei kann ech meng Botzmëttel, Zahnpasta, Deo, etc selwer hierstellen?
Dir wëllt är Fester an Eventer op Zero Waste ëmstellen? D'Poubelle an ärem Betrib ferme op Regimm stellen? Da kontaktéiert ons.
sila ass en inuit Wuert fir net nëmmen ons Ëmwelt, mee och ons ganzt Ëmfeld ze ëmschreiwen
Während menge Forschungsopenthalter an der kanadescher Arktis, wou ech dräi Joer gelieft hunn, hunn ech mam Zero Waste Liewensstil ugefaangen. Zeréck zu Lëtzebuerg hunn ech dëse Liewensstil bei gehalen, an deele gären a menger Fräizäit meng Erfarunge mat Iech! Zero Waste ze liewen heescht net op Saachen ze verzichten, et heescht just bewosst an anescht ze konsuméieren. Kuckt reegelméisseg um Site hei laanscht, wou no a no méi Informatiounen an Tipps zum Thema wäerte publizéiert ginn. Dir fannt ons op facebook an dir kennt Iech an ons Mailinglëscht an droen!